From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Compagnie des Chemins de fer du Nord och dacks nëmmen Compagnie du Nord genannt war eng Eisebunnsgesellschaft déi am September 1845 zu Paräis gegrënnt gouf. Si huet de Gesellschaften de Rothschild Frères a Frankräich, an N M Rothschild & Sons vu London gehéiert.
De Barong James de Rothschild war den éischte President vun der Gesellschaft bis zu sengem Doud 1868.
Vun der Gare du Nord aus si Linnen a Richtung Äermelkanal gebaut ginn, fir d'éischt 1846, bis op Douai an op Lille. 1847 koumen d'Linnen op Amiens a Valenciennes derbai an déi an d'Belsch op Courtrai a Gent. 1848 goufen d'Strecke Boulogne-sur-Mer a Saint Quentin opgemaach.
1937 gouf d'Gesellschaft verstaatlecht an ass vun der SNCF iwwerholl ginn.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.