City Nature Challenge
From Wikipedia, the free encyclopedia
De City Nature Challenge (ofgekierzt: CNC) ass ee weltwäite Concours, bei deem eemol am Joer d'Bierger ("citizens") opgeruff ginn, dobäi matzemaachen d'Biodiversitéit (Planzen, Déieren an aner Organismen) an hirem urbanen Ëmfeld ze dokumentéieren[1],[2]. Andeems d'Ëffentlechkeet an d'Sammele vu Biodiversitéitsdaten agebonne gëtt, ass et méiglech vill méi där Daten ze kréien. All Joer gëtt et dräi Präisser: Ee fir déi Stad déi am meeschten Observatioune mécht, ee fir déi, déi di meescht Aarte fënnt, an ee fir déi, an där déi meescht Leit matmaachen[1],[3],[4].
Participante benotze primär d'App oder d'Websäit vun iNaturalist fir hir Observatiounen ze dokumentéieren. Allerdéngs ginn a verschiddene Géigenden aner Plattforme benotzt, wéi z. B. Natusfera a Spuenien[5]. No der Observatiounsperiod kënne wärend e puer Deeg Bestëmmunge gemaach ginn, éier dann déi definitiv Gewënner annoncéiert ginn[1],[6].
D'Participante musse wëssen, wéi se Aarte bestëmmen. Si kréien dobäi Hëllef vun enger automatescher Aarten-Erkennungsfunktioun vun iNaturalist a vun der Gemeinschaft vun de Benotzer op iNaturalist, woubäi et sech do ëm professionell Wëssenschaftler an erfueren Naturalisten handelt[7].