Christiane Rausch
lëtzebuergesch Schauspillerin, Regisseurin a Politikerin / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Christiane Rausch, bestuet Brassel-Rausch, gebuer ëm 1958[1], ass eng lëtzebuergesch Theater- a Filmschauspillerin, Regisseurin[2], Enseignante a Politikerin.
Séier Fakten Nationalitéit, Aktivitéit ...
Christiane Rausch | |
---|---|
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schauspiller, Politiker, Enseignant |
Partei | déi gréng |
Zoumaachen
No hirer Première am Escher Jongelycée ass si op d'Uni gaangen an huet zéng Joer laang am Ausland gelieft. Si ass duerch en Zoufall, fir eng Roll, nees op Lëtzebuerg zeréckkomm wou si ëmmer erëm Rollen ugebuede krut, ouni datt si d'Schauspillerei geléiert hat[3].