![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/6/63/Chick_Corea_Kongsberg_Jazzfestival_2018_%2528170650%2529.jpg/640px-Chick_Corea_Kongsberg_Jazzfestival_2018_%2528170650%2529.jpg&w=640&q=50)
Chick Corea
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Armando Anthony ("Chick") Corea, gebuer den 12. Juni 1941 zu Chelsea, am Massachusetts, a gestuerwen den 9. Februar 2021[1] zu Tampa, a Florida, war en US-amerikanesche Jazz-Museker.
Chick Corea | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Armando Anthony Corea |
Gebuer | 12. Juni 1941 |
Gestuerwen | 9. Februar 2021 |
Doudesursaach | Kriibs |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Juilliard School |
Aktivitéit | Pianist, Komponist, Jazzmuseker, Discographesche Kënschtler |
![]() |
Hie gëtt zu de bedeitendsten zäitgenësseschen Jazz-Pianisten a -Komponiste gezielt, a gëllt als ee vun de 'Pappe' vum Jazzrock.[2]
Hien huet 23 Grammy Awards gewonnen, a gouf 67 Mol dofir nominéiert.[3]
Hien huet ë. a.an der Band Return to Forever mam Stanley Clarke, Joe Farrell, Airto Moreira an der Flora Purim zesummegespillt; an der Elektric Band mam Dave Weckl, John Patitucci, Scott Henderson a Carlos Rios; an der Five Peace Band ë. a. mam John McLaughlin. Hien huet mam Miles Davis, Herbie Hancock, Roy Haynes oder Bobby McFerrin zesumme gespillt, a Solo-Projete gemaach.
Hie war Member vu Scientology.