chineeseschen Architekt From Wikipedia, the free encyclopedia
De Chen Kuen Lee, gebuer den 23. Mee 1915 zu Zhejiang, a gestuerwen de 14. September 2003 zu Berlin, war e chineeseschen Architekt, dee virun allem an Däitschland an an Taiwan aktiv war. Hie war Schüler a Mataarbechter vum Hans Scharoun. De Lee ass e Vertrieder vun der organescher Architektur an der Beweegung vum Neues Bauen.
Den Chen Kuen Lee ass 1931 an Däitschland gaangen, wou e vun 1931 bis 1937 op der Technische Hochschule Berlin Architektur studéiert huet. Niewelaanscht huet hien am Büreau vum Hans Poelzig geschafft. 1939 huet hie säin Diplom gemaach.
Vun 1939 bis 1941 war hie Mataarbechter vum Hans Scharoun a bis 1943 vum Hugo Häring. 1943 bis 1947 war e Mataarbechter vum Professer Ernst Boerschmann a vun dunn bis 1953 nees vum Hans Scharoun. Hien huet sech duerno selbstänneg gemaach an hat e Büro zu Berlin an zu Stuttgart. Vun 1981 un hat hien eng Gaaschtprofessur op der Tunghai-University an Taiwan. Bis 1988 huet hien do gelieft an op verschiddenen Universtiéiten enseignéiert.
1996 goung en hannescht an Däitschland, wou e bis zu sengem Doud gelieft huet.
De Lee war op de Bau vu Wunnhaiser spezialiséiert; säin Uleies war, dës an hir spezifesch Ëmgéigend z'integréieren, d'Bannen an d'Baussen an Harmonie mateneen ze bréngen an aneneen iwwergoen ze loossen. Hien huet dofir dacks bei sengen Entwërf mat Gaardenarchitekten zesummegeschafft. D'Raim an den Haiser gi meeschtens anenaner iwwer, an de Lee huet alt d'spezifesch Ariichtung, d'Beliichttung, d'Miwwelen asw. mat entworf. Seng Haiser hunn och dacks besonnesch statesch a konstruktiv Léisungen erfuerdert.
De Lee huet am Ganzen 63 Gebaier realiséiert, an et gëtt eng weider 40 Pläng, déi net ëmgesat goufen. Nieft Wunngebaier huet hien och e puer Industriebauten entworf, sou wéi och d'Bannenariichtung vu chineesesche Restauranten zu Berlin, Karlsruhe, Stuttgart a München.
Ënner sengen Haiser ass och eent zu Lëtzebuerg, d'Audry-Haus zu Stengefort. Dëst gouf 2010 op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument agedroen.
An d'Diskussioun koum d'Haus, wéi um Terrain niewendrun e klenge Bësch ofgeseet gouf, fir duer eng Industriehal hinzebauen. Doduerch war d'Harmonie vun Haus a Landschaft zerstéiert ginn.[1]
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.