Charles III. vum Vereenegte Kinnekräich
Kinnek vum Vereenegte Kinnekräich / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Charles Philip Arthur George, gebuer de 14. November 1948 am Buckingham Palace zu London, ass zanter dem 8. September 2022 als Charles III. Kinnek vum Vereenegte Kinnekräich. Hien ass den eelste Jong vun der verstuerwener brittescher Kinnigin Elizabeth II. an hirem Mann dem Prënz Philip. Wéi all d'Kanner vun dëser Koppel huet en als Familljenumm "Mountbatten-Windsor", a kënnt vu sengem Papp senger Säit hier aus der griichescher Linn vum Haus Schleswig-Holstein-Sonderburg-Glücksburg, enger Niewelinn vum Haus Oldenburg an ass domat Famill mat den aktuelle Monarche Margrethe II. vun Dänemark an Harald V. vun Norwegen.
Charles III. vum Vereenegte Kinnekräich | |
---|---|
Titelen | |
Kinnek vum Vereenegte Kinnekräich | |
Zäit | zanter dem 8. September 2022 |
Virgänger | Elizabeth II. |
Biographie | |
Gebuer | 14. November 1948 |
Bestuet mat | Kinnigin Camilla |
Papp | Philip Mountbatten |
Mamm | Elizabeth II. |
Geschwëster | Anne, Andrew vu York, Edward vu Wessex |
Kanner | William vu Cambridge, Prënz Harry vu Wales |
Nodeems e vun der Press jorelaang mat en ettleche Fraen a Verbindung bruecht gouf (dorënner och d'Marie-Astrid vu Lëtzebuerg) huet hien den 29. Juli 1981 d'Lady Diana Spencer, bestuet. Si kruten zwee Kanner: den 21. Juni 1982 de Prënz William an de 15. September 1984 de Prënz Harry. De Stot war vun Ufank u kee glécklechen, béid haten Affären, an e gouf, nodeems dës laang an der Ëffentlechkeet breetgetrëppelt gi waren, den 28. August 1996 gescheet. D'Diana ass den 31. August 1997, zesumme mat hirem neie Frënd, dem Dodi Al-Fayed, bei engem Autosaccident zu Paräis leie bliwwen.
Den 9. Abrëll 2005 huet de Prënz Charles seng Frëndin vun zanter Laangem, d'Camilla Rosemary Shand, gescheet Parker Bowles bestuet.
De 6. Mee 2023 war seng offiziell Kréinungszeremonie zum Kinnek.
Hien ass Member oder huet de Patronnage vun enger ganzer Rëtsch wëssenschaftlechen, politeschen a kulturellen Organisatiounen, dorënner de Prince's Trust. Hien ass och Éierekommandant vu militäreschen Unitéite vu Groussbritannien a vum Commonwealth.
Hien intresséiert sech staark fir Architektur an Urbanismus an huet sech dozou dacks geäussert, besonnesch, fir seng Desapprobatioun zu verschiddene Forme vu moderner Architektur auszedrécken. Hien ass och e Fërderer vun der ekologescher Landwirtschaft a setzt sech fir de Schutz vun de Reebëscher an. Zu all deenen Theemen huet hien och Bicher an Artikele publizéiert.