franséische Politiker From Wikipedia, the free encyclopedia
De Charles Cochon de Lapparent, gebuer de 4. Januar 1750 zu Champdeniers, am Departement Deux-Sèvres, a gestuerwen zu Poitiers, de 17. Juli 1825, war e franséische Politiker a Minister.
Charles Cochon de Lapparent | |
---|---|
Gebuer |
24. Januar 1750 Champdeniers-Saint-Denis |
Gestuerwen |
17. Juli 1825 Poitiers |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Politiker, Héije Fonctionnaire |
Partei | Société des amis de la Constitution |
Am Ufank vu senger politescher Karriär war hien Deputéierte vun Drëtte Stand, duerno hat hie wichteg Funktiounen am Nationalkonvent, bei de republikaneschen Arméien, an am Comité de salut public.
Den 9. Thermidor vum Joer II huet hie gehollef de Robespierre stierzen. An der Zäit vum Directoire war hie Polizeiminister an obschonn hie conventionelle Regicide war, gouf him virgeworf, hie wier Royalist, a hie gouf deportéiert. An der Zäit vum Consulat a vum Empire hat hien erëm héich Funktiounen, mä no 1815 huet hie Frankräich musse verloossen. No engem Joer Exil zu Léiwen konnt hien op Poitiers zeréckkommen.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.