From Wikipedia, the free encyclopedia
Dës Säit bezitt sech op de Chapon als Gefliegel. Kuckt och Chapon (Fësch)
E Chapon ass een Hunn, deen am Alter vun ongeféier 10 Wochen kastréiert gouf an duerno gemäscht ginn ass. Dat weiblecht Géigestéck ass d'Poularde.
D'Fleesch vu Chaponen ass besonnesch duuss, wäiss a fett.
Dem Chapon gëtt bei engem operativen Agrëff och säi Kamp a seng Baartläppercher erofgeschnidden. Dowéinst bleecht d'Faarf vu sengem Gesiicht aus, d'Plommen um Col, um Réck an um Schwanz wuesse méi laang wéi bei engem Hunn. De Chapon kréint manner wéi en Hunn, a seng Stëmm kléngt méi hees.
De Geschlechtdriff beim Chapon ass verschwonnen, an d'Déier steet an der Héngerhierarchie ganz ënnen.
A Frankräich, a besonnesch an der Bresse bourguignone ginn all Joer iwwer annerhallef Millioune Chapone geziicht, vun deenen nëmmen e klengen Deel exportéiert gëtt. Ausser a Frankräich ginn der och nach an Éisträich (Steiermark) an an Italie geziicht.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.