De Centre hospitalier du Nord (kuerz: CHdN) ass e Spidol am Norde vu Lëtzebuerg. Et ass 2010 duerch d'Fusioun vun der Clinique Saint-Joseph zu Wolz an dem Hôpital Saint-Louis zu Ettelbréck entstanen.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Centre hospitalier du Nord | |
---|---|
D'Spidol zu Wolz | |
Basisdonnéeën | |
Address: | Ettelbréck: 120, avenue Salentiny L-9080 Ettelbréck Wolz: 10, rue Grande-Duchesse Charlotte L-9515 Wolz |
Typ: | Ëffentlech |
Grënnungsjoer: | 1. Januar 2010[1] |
Better: | 357 (201?)[2] |
Mataarbechter: | + 1.000 (201?)[2] |
dovun Doktoren: | 134 (201?)[2] |
Websäit: | www.chdn.lu |
Geschicht
Geschicht vum Wolzer Spidol
Dat éischt Spidol zu Wolz ass 1596 gegrënnt ginn. 1937 ass no véier Joer Bauzäit d'Clinique Saint-Joseph op der Plaz vum aktuelle Spidol opgaangen. Si hat deemools 62 Better. An den 1970er gouf se neigebaut an huet 1977 mat 106 Better hir Dieren opgemaach[1].
Geschicht vum Ettelbrécker Spidol
1855 ass an eidele Raim vun der Ettelbrécker Kasär e Fleegeheem entstanen.[3]
Fusioun
Den 20. Abrëll 2009 gouf an der Chamber e Gesetz gestëmmt, deem säin Zil d'Zesummeféiere vum Wëlzer an dem Ettelbrécker Spidol war.[2] Tëscht 2011 an 2015 sinn d'Gebaier zu Wolz fir bal 25 Milliounen Euro renovéiert a moderniséiert ginn.[4]
Referenzen
- Geschichte des CHdN Wiltz op der Websäit vum Spidol (gekuckt den 10. Mee 2015)
- Geschichte Centre Hospitalier du Nord op der Websäit vum Spidol (gekuckt den 10. Mee 2015)
- Geschichte des CHdN Ettelbruck op der Websäit vum Spidol (gekuckt den 10. Mee 2015)
- Le Quotidien: Wiltz – Le centre hospitalier du Nord modernisé (8. Mee 2015)
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.