Carlos Saura
spuenesche Filmregisseur, Fotograf an Auteur / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Carlos Saura, gebuer de 4. Januar 1932 zu Huesca, am Aragón, a gestuerwen den 10. Februar 2023 zu Madrid[1], war e spuenesche Filmregisseur, Fotograf an Auteur.
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Carlos Saura | |
---|---|
Gebuer | 4. Januar 1932 |
Gestuerwen |
10. Februar 2023 Collado Mediano |
Doudesursaach | Otemnout |
Nationalitéit | Spuenien |
Aktivitéit | Filmregisseur, Dréibuchauteur, Fotograf, Schrëftsteller, Filmdréibuchauteur, Regisseur |
Famill | |
Liewenspartner(in) | Geraldine Chaplin |
Zoumaachen
Säin éischte Film, Los golfos (1960) war nach am Stil vum italieeneschen Neorealismus. Seng Filmer an den 1960er an 1970er Joren (wéi La Caza, La prima Angélica, Cría cuervos oder Ana y los lobos) haten oft eng biergerlech Famill als Theema, déi d'spuenesch Gesellschaft ënner dem Franquismus erëmgespigelt huet. Vun den 1980er Joren un huet hien haaptsächlech Museks- an Danzfilmer gedréint, dorënner Carmen (1983) oder Tango (1998).
An enger Rëtsch Filmer spillt seng deemoleg Partnerin Geraldine Chaplin mat.