![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/9/91/Canal_des_Ardennes_%25C3%25A0_La_Cassine.jpg/640px-Canal_des_Ardennes_%25C3%25A0_La_Cassine.jpg&w=640&q=50)
Canal des Ardennes
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Canal des Ardennes ass e Schëffskanal an de franséischen Ardennen deen d'Däller vun der Meuse an der Aisne matenee verbënnt.
Canal des Ardennes | |
![]() | |
Längt | 87.779 km |
Gabarit | Freycinet |
Déifst Plaz | 60.55 m |
Scheetbaseng | 151.30 m |
Fräi Waasserdéift | 2.20 m |
Fräi Héicht | 3.50 m |
Schleisen | 44 |
Ufank vun de Aarbechten | 1823 |
Opgaangen | 1831 |
Ufank vum Kanal | Bis 1841 d'Aisne Schleis 15 bei Brienne-sur-Aisne Duerno Canal latéral à l'Aisne Schleis 14 bei Vieux-lès-Asfeld |
Enn vum Kanal | Meusekanal zu Pont-à-Bar Gemeng Dom-le-Mesnil |
![]() |
De Kanal ass am Freycinetgabarit gebaut an ass 87,779 Kilometer laang. En huet e Scheetbaseng a 44 Schleisen, dovun der 37 zur Säit vun der Aisne a 7 zur Säit vun der Meuse. Bei Saint-Aignan gëtt et en 197 Meter laangen Tunnel.
D'Waasseralimentation um Scheet gëtt duerch de Séi vu Bairon garantéiert.