![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/3/3c/Canal_de_l%2527est.jpg/640px-Canal_de_l%2527est.jpg&w=640&q=50)
Canal de la Meuse
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Canal de la Meuse ass deen Deel vum Canal de l'Est dee vun Troussey am Departement Meuse bis op Givet an den Ardenne féiert. Deen Deel huet bis 2003 Canal de l'Est branche Nord (CeBN) geheescht. E gouf tëscht 1874 an 1887 gebaut, a seng Längt ass 272 km. De Kanal leeft am ieweschten Deel gréisstendeels parallel zur Meuse, wärend am ënneschten Deel vun Inor un, een éischter vun enger kanaliséierter Meuse schwätze kann, op där et just e puer Stécker gëtt wou de Kanal parallel dozou leeft. Meeschtens déngen déi Deeler déi als renge Kanal ausgebaut sinn, fir Meanderen z'evitéieren, wéi um Deel vu Remilly op Pont-Maugis, oder fir grouss Meuseschleefen ze schneiden, a sou vill Ëmweeër ze spueren, wéi z. B. de Canal de Glaire bei Sedan, zwou Ofkierzungen zu Charleville-Mézières, de Kanaltunnel vu Revin, den Tunnel vun Ham-sur-Meuse, e klengen Tunnel bei der Schleis zu Verdun, an e bei Kœur.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/3/3c/Canal_de_l%27est.jpg/640px-Canal_de_l%27est.jpg)
D'Schleise vun Troussey bis op Verdun sinn all am Gabarit Freycinet gebaut, an deemno zougelooss fir Schëffer vun der CEMT-Klass 1. Déi duerno bis op Ham-sur-Meuse sinn all eng ronn 10 Meter méi laang, wat awer näischt direkt un der Schëffsklass ännert. Just déi lescht Schleis flossof bei Givet, d'Schleis Quatre Cheminées ass fir Klass IV zougelooss.
D'Dimensiounen déi um Kanal zougelooss sinn, änneren deemno e puermol um Tracé vu Givet bis op Troussey.
Nodeem d'Meuse dann op belschem Territoire ass, ass de ganze Floss kanaliséiert. Dat Stéck vun der Grenz bis op Léck gëtt dacks am ieweschten Deel Meuse Namuroise genannt, a vun der Schleis vun Andenne-Seilles un gëtt och alt de Begrëff Meuse moyenne gebraucht. Fir D'Bauwierker op deem Deel kuckt wgl. Lëscht vun de Bauwierker op der kanaliséierter Meuse.