![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/0/0b/Cactus_Esch-Lallange.jpg/640px-Cactus_Esch-Lallange.jpg&w=640&q=50)
Cactus
Lëtzebuerger Supermarchéschaîne / From Wikipedia, the free encyclopedia
Cactus ass den Numm vun enger Lëtzebuerger Supermarchéschaîne, déi hire Sëtz um Wandhaff huet. Et ass dëst eng vun deene bedeitendste Familljenentreprisen zu Lëtzebuerg. Ënner de Marke "Cactus", "Super Cactus", "Cactus Marché" a "Cactus-Shoppi" bedreift se Supermarchéen, Hypermarchéen a Geschäfter mat Liewensmëtteleenzelhandel. Och eng Rëtsch spezialiséiert Butteker, vu Blumme bis zu CDen, gehéieren zu der Grupp.
Séier Fakten Typ, Slogan ...
Cactus | |
---|---|
![]() | |
![]() Supermarché Cactus zu Esch-Lalleng (2012) | |
Typ | Aktiegesellschaft (SA) |
Slogan | Nëmmen dat bescht |
Grënnungsdatum | 1967 |
Sëtz |
Wandhaff, ![]() |
Leedung |
Max Leesch (President) Laurent Schonckert (CEO) |
Mataarbechter | 4.500 (2023) |
Ëmsaz | 918 Milliounen Euro (2021)[1] |
Branche | Supermarché |
Homepage | www.cactus.lu |
![]() |
Zoumaachen
Cactus.S.A. ass eng Duechterfirma vu Betsah Invest SA déi u 16 Societéite bedeelegt ass.