D'Buerg vun Useldeng ass eng Buerg zu Useldeng. Et ass e Rescht vun enger mëttelalterlecher Buerganlag a steet op engem Hiwwel (250 m iwwer dem Mier) um Uwänner vun der Atert.
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Useldeng |
Plaz | Useldeng |
Koordinaten | 49°46'5,49"N, 5°58'48,62"O |
Statut | Klasséiert Monument |
Datum vum Bau | 1100 (julianesch) |
Proprietär | Lëtzebuerg |
Den éischte Besëtzer, dee bekannt ass, war den Theobald vun Useldeng.
Haut si just nach Iwwerreschter dervun erhalen, dorënner e groussen Deel vun der Rankmauer an en Tuerm. Ronderëm ass en 10 m breede Gruef, iwwer deen een iwwer eng Bréck an d'Buerg kënnt. An der Buerganlag steet e véiereckegen, 25 m héije Buergfrid an et gëtt do en 2 m déiwe Pëtz. Ausserdeem sinn Deeler vun engem rechteckege Gebai, am nordëstlechen Deel vun der Rankmauer, erhalen.
De 14. November 1980 gouf d'Buerg op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationaalt Monument agedroen.[1] Tëscht 2002 an 2006 goufen archeologesch Ausgruewunge gemaach déi et erméiglecht hunn, déi wichtegst Etappe vun der Baugeschicht festzestellen.
De Service des sites et monuments nationaux huet d'Buerg vun der Mëtt vun den 1990er Jore bis 2008 restauréiert a se sou amenagéiert, datt behënnert Leit se kënne besichen. Mat groussem Opwand goufe sou z. B. Maquettë produzéiere gelooss, déi et Blannen erméiglechen, ze taaschte wat beschriwwe gëtt.
D'Käschte vun der Restauratioun an dem Amenagement vun deem Circuit hu sech op 7.464.000 Euro belaf.[2]
- D'Buerg vun Useldeng
- En Tuerm vun der Buerg
- Vue op d'Buerg
Commons: Useldange castle – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).
- Nathalie Oberweis: "Un château (au prix) fort." Lëtzebuerger Land, 09.07.2010.
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.