Brumaire
From Wikipedia, the free encyclopedia
Haaptartikel zu dësem Theema: Republikanesche Kalenner De Brumaire war den zweete Mount vum franséische republikanesche Kalenner.
Op e puer Deeg méi oder manner huet de Brumaire vum 22. Oktober bis zum 20. November vum Gregorianesche Kalenner gedauert.
Ausserdeem huet de Brumaire ongeféier mat der Period iwwerenee gestëmmt, wou d'Sonn duerch d'Stärenzeeche vum Skorpioun vum tropeschen Déierekreeszeechen leeft.
Den Numm koum vun der Expressioun « des brouillards & des brumes basses qui sont (...) la transudation de la nature d'octobre en novembre », dëst waren d'Wierder déi de Fabre d'Églantine der Convention nationale den 3. Brumaire Joer II am Numm vun der « Commission chargée de la confection du calendrier » virgedroen huet.
Dëse Mount huet säin Numm och dem Staatsstreech ginn, deen den 18. Brumaire Joer VIII de Generol Napoleon Bonaparte a Frankräich un d'Muecht bruecht huet. An dësem Fall gëtt och vum 18-Brumaire geschwat (Numm mat engem Bindestréch a Brumaire groussgeschriwwen), mä och vu Brumaire (och an dësem Fall groussgeschriwwen, fir am franséische Sproochgebrauch vum Numm vum Mount selwer z'ënnerscheeden).