From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Bréck iwwer den Oyapock (fr.: Pont sur l'Oyapock, pt.: Ponte sobre o rio Oiapoque) ass eng Bréck iwwer de Grenzfloss Oyapock oder Oiapoque am Nordoste vu Südamerika. Se gouf 2011 fäerdeggebaut a verbënnt Franséisch-Guayana mat Brasilien. Zanter se am Mäerz 2017 fir de Verkéier opgoung, ass et deen éischten offizielle Grenzpassage vun engem franséischen Iwwerséidepartement zu engem anere Staat um Landwee.
Geographie | |
---|---|
Land |
Frankräich Brasilien |
Plaz |
Saint-Georges-de-l'Oyapock Oiapoque |
Koordinaten |
03° 51’ 25’’ N 51° 49’ 32’’ W |
Funktioun | |
Benotzt als | Stroossebréck |
Féiert iwwer | Oyapock |
Technesch Detailer | |
Bréckentyp | Schréiseelbréck (Hallef Harf) |
Totallängt | 378 m |
Felder/Béi | 66,50 m - 245 m - 66,50 m |
Breet | 2 Fuerspueren |
Bemierkungen | |
Opgaangen |
2011 fäerdeg; 2017 a Betrib geholl |
Architekt(en) Konzeptioun |
Studio De Miranda Associati (Mario de Miranda) |
D'Bréck steet 1,6 Kilometer nordëstlech vun der Stad Oiapoque am brasilianesche Bundesstaat Amapá a 4,4 Kilometer südwestlech vu Saint-Georges-de-l'Oyapock an der Franséischer Guyane. Et ass eng Schréiseelbréck mat zwéi Pylonen an enger Gesamtlängt vun 378 Meter.[1] Hire Bau geet op eng Decisioun vun de Presidente vu Brasilien a vu Frankräich, Fernando Henrique Cardoso a Jacques Chirac am Joer 2005 zeréck, an am selwechte Joer gouf dann och de 15. Juli e Kooperatiounsaccord tëscht Frankräich a Brasilien ënnerschriwwen.[2]
2000 goufen déi éischt Etuden iwwer de Bau gemaach, 2005 krut de Luiz Inácio Lula da Silva bei engem Staatsbesuch a Frankräich de Projet presentéiert an 2006 an 2007 gouf e vun de Parlamenter vu Frankräich a vu Brasilien ratifizéiert. Am Juli 2009 hunn d'Viraarbechten, an am November d'Aarbechten un der Bréck selwer ugefaangen.[3]
Parallel zum Bau vun der Bréck gouf d'Strooss vun Oiapoque op Macapá, d'Nationalstrooss BR-156, goudronéiert a verbessert. Am Mäerz 2011 huet nach en Tronçon vu ronn 100 Kilometer tëscht Calçoene an engem Punkt eng 70 Kilometer südlech vun Oiapoque gefeelt, deen an engem schlechten Zoustand war.
Am August 2011 waren d'Aarbechten un der Bréck fäerdeg.[3] Am August 2012 goungen d'Aarbechten, déi zäitweileg ënnerbrach waren, virun, fir den Uschloss op brasilianescher Säit fäerdeg ze kréien. Och Douanes- an Assurancetechnesch Detailer hunn nach misse gekläert ginn.[4] No engem Ofkommes vum November 2013 tëscht Frankräich a Brasilien däerfen d'Bierger vu Saint-Georges an Oiapoque, soubal d'Bréck a Betrib ass, ouni Visa an d'Stad op der anerer Säit eriwwer, soulaang se do net schaffe géifen.[5]
Den 18. Mäerz 2017 ass d'Bréck offiziell opgaangen. Et ass dës déi éischt Grenzbréck tëscht Südamerika an engem EU-Land.[6]
Duerch d'Bréck kritt d'Franséisch-Guyane besseren Uschloss un de Welthandel. Ë. a. kritt de Weltraumzentrum vun der ESA zu Kourou, als wichtegste Wirtschaftsfacteur an der Regioun, fir d'éischt iwwer eng vollwäerteg Stroosseverbindung Uschloss un de Mierhafe Santana bei Macapá (d'Häfen an der Guayane sinn all méi kleng).[7]
Ausserdeem erlaabt d'Bréck eng (bal) duerchgängeg Stroosseverbindung laanscht d'Nordostküst vu Südamerika, tëscht Venezuela a Belém.
Commons: Bréck iwwer den Oyapock – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.