From Wikipedia, the free encyclopedia
Boundless Informant (en: Informant ouni Grenzen) ass e Computersystem vum US-Geheimdéngscht National Security Agency (NSA). En ënnerläit der Geheimhaltung an ass programméiert fir aus enger grousser Mass vun noriichtendéngschtlechen Date mat Hëllef vun der Technik vum Data Mining signifikant Zesummenhäng erauszefilteren, notamment d'Bezéiungsgeflecht an de Beweegungsprofil vun enger eenzeler terrorverdächteger Persoun aus enger Onmass vun E-Mailen an Telefonsmetadate vu Millioune vu Mënschen.
D'Ëffentlechkeet ass den 8. Juni 2013 duerch de fréieren NSA-Mataarbechter Edward Snowden an engem Artikel vun der brittescher Zeitung The Guardian vu Boundless Informant gewuer ginn[1],[2].
De Boundless Informant System sammelt an analyséiert Daten, déi elektronesch Spionagetechnike wéi den Iwwerwaachungsprogramm PRISM an deem säi Virgänger, den Terrorist Surveillance Program, sech gekroopt hunn. Usätz fir déi Technologie gëtt et zanter laangem, mä de sënnvollen Ëmgank mat Big Data, also Datemasse vu Privatpersounen a Firmen, wéi se hautdesdaags zu 2.500.000 Yottabyte pro Dag ufalen, ass eréischt zanter zirka 2010 méiglech. E streng geheimt Dokument dat dem Guardian zougespillt gouf, gëtt un, datt dee System "bal an Echtzäit" Äntwerten op Froe wéi "Wéi eng Ofhéierdicht hu mer am Land X?“ liwwere kéint.
Big Data fale virun allem opgrond vum explosiounsaartege Wuesstem vu Kommunikatioun iwwer Sozial Netzer a mat Smartphonen un, an hu bis ewell wéinst hirer ongeuerdneter Struktur an hirer schirer Mass als net auswäertbar gegollt. Eng vum Guardian verëffentlecht Ofhéierlandkaart weist d'global Dimensioun vun der Datenanalys: Eleng am Mäerz 2013 huet d'NSA deemno 97 Milliarden Datesätz weltwäit gesammelt. Fir d'Daten auswäertbar ze maachen huet sech an de Geheimdéngschter eng grondsätzlech Verännerung vum Denkusaz vollzunn: Amplaz no Inhalter an den Noriichten (Telefonater, E-Mailen, Postingen) ze sichen, liwwere schonn déi dateméisseg kleng Zäit- an Uertsstempel vun Noriichte sou vill Informatioun iwwer eng Persoun, datt een e Beweegungsprofil an domat en Iwwerwaachungsprofil opstelle kann. Zum mathematesche Geschier vun där Form vun der Analys gehéiert virun allem d'Trilateratioun. D'Argument, et këmmert ee sech nëmmen a bestëmmten Eenzelfäll ëm d'Inhalter vun Noriichten, ass fir Boundless Informant irrelevant.
Fir d'Späichere vun den Date fir d'Auswäertung duerch Boundless Informant si Groussrechner a Software aus dem Beräich vun der Kënschtlescher Intelligenz néideg, wéi se ënner anerem vun IBM a sengem Watson Fuerschungszentrum produzéiert ginn. D'NSA baut extra dofir den Utah Data Center, e Rechenzentrum an de Bierger vun Utah, deen am September 2013 fäerdeg gi soll[3]. E weidert Datenzentrum vun der NSA, mat zwéin Drëttel vun der Gréisst vum Utah Data Center, ass grad am Bau am NSA-Haaptquartéier zu Fort George G. Meade[4].
Commons: Boundless Informant – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.