Bockfiels
Fiels an der Stad Lëtzebuerg / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Bockfiels dacks einfach um Bock genannt ass e ronn 500 Meter laangen a 50-80 Meter breede Fiels am Weste vu Clausen, an der Stad Lëtzebuerg, ëstlech vum Fëschmaart. E stéisst op dräi Säiten un den Uelzechtdall, deen eng ronn 40 Meter méi déif läit. D'Héicht vum Fiels variéiert tëscht 285 an 260 Meter. Vum Fëschmaart aus kënnt een duerch d'Méchelstrooss an dann iwwer d'Schlassbréck dohin. Iwwer de Bock féiert d'N1 (Clausener Bierg) a queesch derzou d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen.
Séier Fakten Situatioun, Land ...
De Bockfiels mat der Rouder Bréck am Hannergrond | |
Situatioun | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Quartier(en) | Clausen |
Koordinaten | 49°36'42,62"N, 6°8'13,10"O |
Zoumaachen