Besse-et-Saint-Anastaise ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Puy-de-Dôme an der Regioun Auvergne-Rhône-Alpes. Si gehéiert zum Parc naturel régional des Volcans d'Auvergne, a läit op enger Héicht tëscht 805 a 1.725 Meter.

Méi Informatiounen Kanton, Postcode ...
Zoumaachen

An der Gemeng läit d'Wantersportgebitt Super Besse

Duerch d'Gemeng lafen eng ronn 20 Baachen[1]. Déi gréisst dovu sinn:

  • Couze Pavin en Niewefloss vum Allier
  • Grande Rhue en Niewefloss vun der Dordogne
  • Neuffonds en Niewefloss vun der Tarentaine
  • Planchette en Niewefloss vun der Couze Chambon
  • Mavoissière en Niewefloss vun der Couze Pavin
  • Gazelle en Niewefloss vun der Crouze
  • Ruisseau d'Anglard en Niewefloss vun der Couze Pavin

Geschichtleches

  • Am Mee 1270 gëtt de Bernard VII. vu La Tour der Stad Besse e Fräibréif.
  • Um Schlass vu Sarcenat ass de Pierre Teilhard de Chardin 1871 op d'Welt komm.
  • Am Juli 1935 war déi éischt Versammlung vum der Grupp Boubaki zu Besse.
  • Den 2. Abrëll 1961 gouf Besse a Besse-en-Chandesse ëmgedeeft.
  • Den 1. Juli 1973 huet Besse-en-Chandesse mat Saint-Anastaise fusionéiert, fir d'Gemeng Besse-et-Saint-Anastaise ze forméieren.
  • Op ale Kaarten oder op Deplianten ass nach dacks den Numm Besse-en-Chandesse ze fannen.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Besse-et-Saint-Anastaise – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Wikiwand in your browser!

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.

Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.