From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Bertrada déi Eeler, oder Bertrada vu Prüm, gebuer ëm 670, a gestuerwen no 721, soll d'Duechter vum (Palzgrof) Hugobert an der Irmina vun Oeren gewiescht ginn. Aneren Hypotheesen no, wier se d'Duechter vum Theuderich III., Kinnek vun Neustrien an Austrasien, an der and Clothild vun Heristal. Den Numm vun hirem Mann ass net geséchert iwwerliwwert, mä si ass d'Mamm vum Heribert vu Laon, mat deem se zesummen, si als Stëfterin, hien als Matstëfter 721 d'Abtei Prüm gegrënnt huet.
Bertrada déi Eeler | |
---|---|
Gebuer |
670 onbekannt |
Gestuerwen |
721 onbekannt |
Nationalitéit | Frankeräich |
Aktivitéit | Nonn |
Famill | |
Bestuet mat | Martin vu Laon |
Geschwëster | Adela vu Pfalzel, Chrodelinde |
Kanner | Heribert vu Laon, Chrodelinde |
Hiert Kandskand, dem Heribert seng Duechter Bertrada déi Jonk, war d'Fra vum Pippin dem Kuerzen, dem fränkeschen Hausmeier a spéidere Kinnek, an domat ass d'Bertrada déi Eeler d'Urgroussbomi vum Karel dem Groussen.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.