Ech hunn net d'Feeler gemengt déi erausgeholl goufen, ech hunn d'Ersetze vun den Zeeche gemengt déi elo a verschlësserter Form do stinn. Ech verstinn net wat dat mat Feeler ze dinn huet.
MoienTrineon89,
wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dat Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun derbäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn. Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert;-). Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren". Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!
Goufen da komesch Zeechen ugewisen? Op der Wiki schreiwe mer elo zënter 5 Joer normal, an et hat bis elo nach keen en Hoer an der Zopp fonnt. Bei der ganzer Aktioun hunn ech just ee Feeler gesinn dee wierklech verbessert gouf, an op der aner Säit war en nowiki erausgeholl ginn dee muss esou stoe bleiwen, soss gesäit kee Mënsch wat gemengt ass. Les Meloures 18:47, 3. Mäe. 2009 (UTC)