Benevolat
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Benevolat (lat. benevolus - "mat guddem Wëllen"), och nach Éierenamt genannt, ass eng fräiwëlleg, net bezuelten Aktivitéit am Déngscht vun Aneren oder vun der Gemeinschaft an engem Kader baussent der Solidaritéit an der Famill oder am Frëndeskrees. Zanter 1986 ass all Joer de 5. Dezember den Internationalen Dag vum Benevolat.
E Benevolen ass deemno eng Persoun déi sech fräiwëlleg engagéiert am Déngscht vun Aneren oder der Gemeinschaft ouni dofir bezuelt ze ginn.
"Et gëtt praktesch souvill Ursaache fir d'Éierenamt wéi et Benevole gëtt"[1]. Generell existéiert d'Éierennamt am Kader vu Veräiner, Gewerkschaften oder politesche Parteien. De Benevolat spillt a wichtege gesellschaftlechen a soziale Beräicher eng prominent Roll, sou zum Beispill bei der Protex a bei de Pompjeeën. Och d'Wikipedia entsteet zum gréissten Deel duerch éierenamtlech geleeschten Aarbecht[2].
An der Wirtschaft gehéiert d'Benevolat zu den net-kommerziellen Aktivitéiten. Well déi geleeschten Aarbecht net berechent gëtt ass d'Gewiicht vum Éierenamt am PIB ënnerbewäert, wougéint déi net-kommerziell Leeschtunge vum ëffentlechen Déngscht wéinst de Gehälter voll an de PIB erafléissen.
De 5. Dezember 2014 hunn zu Lëtzebuerg 245 Associatiounen[3] aus alle Secteuren als éischt d'Charta vum Benevolat offiziell ënnerschriwwen[4].