Batty Fischer
lëtzebuergesche Fotograph an Zänndokter From Wikipedia, the free encyclopedia
lëtzebuergesche Fotograph an Zänndokter From Wikipedia, the free encyclopedia
De Jean-Baptiste (Batty) Fischer, gebuer de 24. Juli 1877 an der Stad Lëtzebuerg um Krautmaart[1] an och do gestuerwen de 27. Dezember 1958, war e lëtzebuergesche Fotograf.
Dëse Fotografiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Batty Fischer | |
---|---|
De Batty Fischer huet sech selwer am 80. Liewensjoer geknipst | |
Gebuer |
24. Juli 1877 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
27. Dezember 1958 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Fotograf, Zänndokter |
De Batty Fischer war vu Beruff Zänndokter.
Scho mat 15 Joer huet hien e Fotoapparat kritt. Et war eng Plackekamera.
De Batty Fischer huet a senge Biller d'Geschicht vun der Stad Lëtzebuerg a senge Faubourgen op eng pregnant Manéier erzielt.
D'Stad Lëtzebuerg huet 1960 säi ganz Wierk zesumme mat de Reproduktiounsrechter kaaft. An der Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg kann een déi ronn 10.000 Dokumenter bewonneren, déi d'Entwécklung vun der Stad vun 1890 bis 1958 beschreiwen. An den Archive vun der Stad ass och de Vergréisserungsapparat, deen de Batty Fischer benotzt huet, ze gesinn.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.