Astrometrie
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Astrometrie (Stäremiessung) ass de geometreschen Deelberäich vun der Astronomie an domat d'Géigestéck zu der Astrophysik. Si ëmfaasst d'Miessung an d'Berechnung vu Stärepositiounen, de sougenannte Stäreplazen an hir Beweegungen.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Himmelsmechanik.
Bis zum Aféiere vun der Astrophysik, déi ëm 1850 no der Erfindung vun der Spektroskopie koum, hunn d'Astrometrie an d'Sphäresch Astronomie de Groussdeel vun der ganzer Astronomie ausgemaach.
D'Astrometrie ass d'Wëssenschaft vum geometreschen Opbau vum Universum (Plaz, Beweegung an Distanz vun Himmelskierper) oder d'Vermiessung vum Himmel. Gläichzäiteg ass se eng Koordinategrondlag fir d'Geodesie - also d'Vermiessung vun der Äerd.