Asiatesch Infrastruktur-Investitiounsbank
international Finanzinstitutioun / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Asiatesch Infrastruktur-Investitiounsbank (en.: Asian Infrastructure Investment Bank - AIIB) ass eng international Finanzinstitutioun, déi vun der chineesescher Regierung initiéiert gouf. D'Zil vun dëser multilateraler Entwécklungsbank ass et, Infrastrukturprojeten an Asien ze finanzéieren.
De Projet vun der AIIB gouf 2013 vu China virgestallt[1] an am Kader vun enger Zeremonie am Oktober 2014 zu Peking lancéiert.[2] Vum Juni 2015 u ginn d'Accorde mat de Länner, déi matmaachen, ënnerschriwwen. Dat soll bis Enn des Joers gemaach sinn.
De 15. Abrëll 2015 hate bal all asiatesch Länner an déi meescht grouss Länner baussent Asien (d'USA a Japan, déi d'ADB dominiéeren, waren net derbäi) als "Prospective Founding Members" (viraussiichtlech Grënnungsmemberen) engagéiert. Nordkorea an Taiwan haten eng Demande gemaach, Matgrënner ze ginn, si goufen awer refuséiert.