Anna Seghers
From Wikipedia, the free encyclopedia
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Anna Seghers, gebuer den 19. November 1900 zu Mainz, a gestuerwen den 1. Juni 1983 zu Ost-Berlin, mam richtegen Numm Netty Radványi, gebuer Reiling, war eng däitsch Schrëftstellerin.
Anna Seghers | |
---|---|
Gebuertsnumm | Netty Reiling, Netti Reiling |
Gebuer |
19. November 1900 Mainz |
Gestuerwen |
1. Juni 1983 Ost-Berlin |
Nationalitéit | DDR, Däitscht Räich |
Educatioun |
Universitéit vun Heidelberg, Universitéit vu Köln |
Aktivitéit | Romancier, Resistenzler, Schrëftsteller |
Partei | Sozialistische Einheitspartei Deutschlands |
Member vun | Akademie der Künste der DDR |
Famill | |
Bestuet mat | Johann Lorenz Schmidt |
Wéinst hire jiddeschen Originnen an hirem Engagement an der KPD ass si 1933, nodeems d'Nationalsozialisten an Däitschland un d'Muecht komm waren an hir Bicher verbueden a verbrannt haten, mat hirer Famill iwwer d'Schwäiz a Frankräich geflücht, a vun do, wéi d'Nazien 1940 a Frankräich agefall sinn, iwwer d'Martinique an New-York a Mexiko emigréiert. Nom Krich ass si an d'DDR wunne gaangen, wou si bis zu hirem Doud gelieft huet.
Hir éischt Erzielunge sinn am Stil vun der Neuen Sachlichkeit geschriwwen, wärend dem Krich huet si zu den Auteure vun der Exilliteratur gehéiert. Si war ë. a. Mataarbechterin vun enger Exilliteratur-Zäitschrëft an huet Exilanten-Zerkelen opgeriicht. Aus där Zäit sinn zwee mat vun hire bekanntste Wierker, Transit an Das siebte Kreuz erauskomm.
An der DDR huet si am sozialistesch-realistesche Stil geschriwwen, war an der Staatspartei, der Sozialistischen Einheitspartei Deutschlands, an huet an hire Wierker de Stalin verherrlecht (woufir s'e Gielchen, de Stalin-Friddenspräis, krut. Si hat och offiziell Funktiounen an der DDR, a war ë. a. Presidentin vum Schrëftstellerverband vun do.
Si huet nach am héijen Alter geschriwwen.
Si krut eng sëllege Präisser an Auszeechnungen, déi meescht aus der DDR, ma och z. B. schonn 1947[1] de Georg-Büchner-Präis.
Commons: Anna Seghers – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.