Amicale vum Escher Kolléisch
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Amicale vum Escher Kolléisch (fréier Schreifweis: Amicale vum Escher Kolle'sch) ass eng Associatioun, déi déi fréier Schüler aus dem Escher Jongelycée regroupéiert. Op Franséisch heescht si offiziell laut den neie Statuten: Amicale des anciens élèves du Lycée de garcons d'Esch-sur-Alzette.
D'Iddi fir sou eng Amicale op d'Been ze setzen, ass am Laf vum Banquet fir de 25. Anniversaire vun der deemoleger Escher Industrieschoul, den 31. Juli 1926, am Terres-Rouges-Casino zu Esch, vum Direkter Jean-Pierre Manternach an d'Gespréich bruecht ginn.[1] D'Grënnungsversammlung vun der Amicale war sonndes de 15. Mee 1927[2] am Hôtel des Ardennes zu Esch. D'Membere vum éischte Kommitee waren d'Hären J. P. Deltgen, Jean Noesen, August Isaac, [Victor] Robinet, Camille Mousset, Michel Funck, Camille Theis, Nic. Schmit an Ernest Günther; de Jean-Pierre Manternach krut den Titel Éierepresident.[3] Éischte President vun der Amicale war de J.P. Deltgen vun der Promotioun 1906,[1] éischte Sekretär de Victor Robinet (1927-1931). An der Generalversammlung vum 13. Mäerz 1928 gouf deen häite Kommitee gewielt: J. Noesen, President; J.-P. Mertz, Vizepresident; V. Robinet, Sekretär; Aug. Isaac, Caissier; N. Heirens, C. Theis, J.-P. Weber, J.-P. Wilhelm an Alphonse Michels, Memberen.[4]