![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/8/8d/Francois_Rabelais_-_Portrait.jpg/640px-Francois_Rabelais_-_Portrait.jpg&w=640&q=50)
François Rabelais
franséische Schrëftsteller / From Wikipedia, the free encyclopedia
De François Rabelais (Pseudonymen: Alcofribas Nasier (en Anagramm) oder Séraphin Calobarsy) gebuer, je no Quell, 1483 oder 1494 zu an der Devinière zu Seuilly bei Chinon (an der fréierer Provënz Touraine), a gestuerwen den 9. Abrëll 1553 zu Paräis, war e franséischen humanistesche Schrëftsteller aus der Renaissance, deen haut als den dichtegsten Auteur a franséischer Sprooch aus där Zäit ugesi gëtt. Hie war och Dokter, Pater a Paschtouer, an huet sech am Droit an an der Philosophie gutt auskannt.
François Rabelais | |
---|---|
![]() | |
Pseudonym | Seraphin Calobarsy, Alcofribas Nasier, Maistre Alcofribas Nasier, M. Alcofribas |
Gebuer |
15. Joerhonnert jul. Seuilly |
Gestuerwen |
1553 jul. Paräis |
Nationalitéit | Kinnekräich Frankräich |
Educatioun |
Universitéit vu Montpellier, Universitéit vu Poitiers |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Romancier, Humorist |
![]() |
De François Rabelais ass virun allem fir säi Romanzyklus iwwer zwéi Risen, de Pantagruel an de Gargantua bekannt, deem seng fênnef Bänn 1532, 1534, 1545, 1552 a 1564 erauskoumen. D'Ausdréck pantagruélique oder gargantuesque sinn haut Ausdréck am Franséische fir e Verfroossenen, e risegen Appetit (oder riseg Portioune Gefréiss) ze beschreiwen.
Déi Geschichten, grotesk Parodien op d'Ritterromaner, sinn an engem satireschen, och emol sarkastesche Stil geschriwwen, mat ville Witzer, Wuertspiller an och alt emol defteg-vulgären Ausdréck oder Situatiounen, déi em zu senger Zäit de Virworf vun der Obszönitéit a souguer Heresie abruecht hunn.
De Rabelais war e widderspréchleche Personnage: e Kierchemann, ma och alt antiklerikal, e Chrëscht ma och e Fräidenker. Hien huet sech fir Toleranz a Fridden agesat, fir en evangeelesche Glawen, géint d'Exzesser an de Mëssbrauch vun deenen "Décken" a fir d'Iwwerwanne vum "däischtere Mëttelalter" duerch d'Réckbesënnung op déi antik griichesch Philosophen, absënns de Platon. Eng grouss Sympathie hat hie fir déi "einfach" Leit, hire buedemstännegen Humor an hir Freed um Feieren.