![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/0/0a/AdamSmith.jpg/640px-AdamSmith.jpg&w=640&q=50)
Adam Smith
schottesche Philosoph an Ekonomist / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Adam Smith, gedeeft de 5. Junijul./ 16. Juni 1723greg. zu Kirkcaldy, an der Grofschaft Fife a Schottland, a gestuerwen de 17. Juli 1790 zu Edinburgh, war e schottesche Moralphilosoph, Opklärer a gëllt als de Grënner vun der klassescher Nationalekonomie.
Adam Smith | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
1723 Kirkcaldy |
Gestuerwen |
17. Juli 1790 Edinburgh |
Nationalitéit | Kinnekräich Groussbritannien |
Educatioun |
Universtéit vu Glasgow, Balliol College |
Aktivitéit | Ekonomist, Saachbuchauteur, Philosoph, Schrëftsteller, Universitéitsprofesser, Editeur |
Member vun | Royal Society, Royal Society of Edinburgh |
Mamm | Margaret Douglas |
![]() |
Säin éischt grousst Wierk war The Theory of Moral Sentiments (1759), iwwer d'Relatioun vum Mënsch zu der Gesellschaft. 1774 huet hien ugefaangen, säi bedeitendst Wierk, ''Inquiry into the nature and causes of the wealth of nations, ze schreiwen, dat 1776 erauskoum an hat gläich e grousse Succès.
Et geet dodran ëm d'Auswierkunge vum Eegenintressi op d'Gesellschaft. De Mënsch tendéiert dozou, Handel an Tausch ze bedreiwen, a géif gär seng Liewenssituatioun verbesseren. Räichtum géif duerch mëschlech Aarbecht entstoen. De Smith beschreift dodran d'Wichtegkeet vum Deele vun der Aarbecht an der Spezialiséierung fir de Wuelstand. D'Wierk befaast sech och mat der Roll vum fräie Maart, de Froe vun der Verdeelung, dem Aussenhandel an der Roll vum Staat. Och de Begrëff "Onsiichtbar Hand" d.h. d'Auswierkung vun der Zomm vun den individuelle Bestriewungen zu engem (net bewosst gewollten) gesamtstaatlechen ekonomeschen Handelen, an och d'Regulatioun vum Maartpräis duerch d'Offer an d'Demande gëtt vum Smith beschriwwen. Hien explizéiert, datt eng fräi Konkurrenz besser ass wéi Monopoler a Karteller, well déi leschtgenannt schiedlech Auswierkungen op Präis, Produktivitéit an ekonomesch Entwécklung hätten.