Ada Lovelace
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Ada Lovelace, och Ada Augusta Byron, Ada King oder Countess of Lovelace, gebuer den 10. Dezember 1815 zu London, a gestuerwen de 27. November 1852 och do; fir richteg Augusta Ada King Byron, Countess of Lovelace, war eng brittesch Mathematikerin. Si war d'Duechter vum Lord Byron an d'Mataarbechterin vum Charles Babbage.
Ada Lovelace | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Augusta Ada Byron |
Pseudonym | A. A. L. |
Gebuer |
10. Dezember 1815 London |
Gestuerwen |
27. November 1852 Marylebone |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Aktivitéit | Mathematiker, Programméierer, Dichter, Informatiker, Erfinder, Iwwersetzer, Schrëftsteller, Ingenieur |
Famill | |
Papp | George Gordon Byron |
Geschwëster | Elizabeth Medora Leigh |
![]() |
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/8/87/Ada_Lovelace.jpg/640px-Ada_Lovelace.jpg)
D'Programméiersprooch Ada ass no hir genannt.
D'Ada Lovelace huet 1843 dem italieenesche Mathematiker Luigi Menebrea seng Beschreiwung vum Babbage sengem Analytical Engine vum Franséischen an d'Englescht iwwersat an eegen Notizen, wéi déi geplangt Rechemaschinn ze baue wier, derbäigeschriwwen. Si huet e Plang gemaach, wéi ee mat där Maschinn, déi net gebaut gi war, Bernoulli-Zuelen ausrechne kéint.[1] Dësen Algorithmus gëllt haut als éischte Computerprogramm.