7. Arrondissement vu Paräis
ee vun den 20 Stadbezierker vu Paräis / From Wikipedia, the free encyclopedia
De 7. Arrondissement ((fr) och nach Arrondissement du Palais Bourbon ) ass ee vun zwanzeg Stadbezierker vu Paräis. En ass wärend der Extensioun vun der Stad am Ufank vum 19. Joerhonnert entstanen.
Séier Fakten Quartieren, Buergermeeschter ...
Quartieren |
Saint-Thomas-d'Aquin, École-Militaire, Gros-Caillou, Invalides |
---|---|
Buergermeeschter | Rachida Dati |
Awunner | 47.947 |
Fläch | 4,09 km² |
Postcode | 75007 |
INSEE-Code | 75107 |
Koordinaten | 48°51'33"N, 2°18'46"O |
Zoumaachen
Mam Eiffeltuerm, dem Musée d'Orsay, dem Musée du quai Branly an dem Hôtel des Invalides ass den Arrondissement e beléift Zil fir d'Touristen. Mat enger Abberzuel vu Ministèren an der Assemblée nationale ass et - nom 8. Arrondissement - den zweetwichtegste politeschen Zentrum vun der Stad.
Zesumme mat dem 16. Arrondissement am Nordweste vun der Stad an dem Nobelquartier Neuilly-sur-Seine, zielt en zu den deierste Wunnvéierel vu ganz Frankräich.