8. Arrondissement vu Paräis
ee vun den 20 Stadbezierker vu Paräis / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den 8. Arrondissement ((fr) och nach Arrondissement de l'Élysée) ass ee vun zwanzeg Stadbezierker vu Paräis. En ass wärend der Extensioun vun der Stad a Richtung Westen, an der Mëtt vum 19. Joerhonnert entstanen.
Séier Fakten Quartieren, Buergermeeschter ...
Quartieren |
Champs-Élysées, Faubourg-du-Roule, Madeleine, Europe |
---|---|
Buergermeeschter | Jeanne d'Hauteserre |
Awunner | 35.123 |
Fläch | 3,88 km² |
Postcode | 75008 |
INSEE-Code | 75108 |
Koordinaten | 48°52'27"N, 2°18'40"O |
Zoumaachen
An dësem Arrondissement konzentréiert sech e groussen Deel vum Geschäftsliewe vu Paräis mat enger deementspriechend héijer Zuel vun Aarbechtsplazen. Mam Sëtz vum franséische Staatspresident, mam Inneministère, enge sëllegen Ambassaden an internationale Medienhaiser ass den 8. Arrondissement de wichtegste politeschen Zentrum vun der Haaptstad.