Europäeschen Noutruff From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Europäeschen Noutruff ass e gratissen[1], a ganz Europa gëltegen Noutruff, deen ënnert der Telefonsnummer 112 z'erreechen ass.
Ënner der 112 ass eng Zentral z'erreechen déi, jee no Noutfall, déi zoustännegt Servicer wéi d'Police, d'Ambulanz oder d'Pompjeeën alarméiert. D'Asazzentrale sollen an der Lag sinn, Noutriff a verschiddene Sproochen entgéintzehuelen.
Bei engem Noutruff gesäit den Operateur an der Zentral ëmmer d'Telefonsnummer vun deem, deen urifft, och wann deejéinege säin Telefon sou agestallt huet, datt d'Nummer net soll ugewise ginn[2].
D'Telefonsnummer 112 gëllt als Europäeschen Noutruff an der Europäescher Unioun an an enger Rei anere Länner. Ausserdeem gëtt d'Noutruffnummer 112 an e puer asiateschen an afrikanesche Länner gebraucht. A Kanada an an den USA gëtt beim Wiele vun der 112 den Uruff op d'Noutruffnummer 9-1-1 vum Nordamerikaneschen Nummeréierungsplang weidergeschalt. Och an e puer latäinamerikanesche Länner wéi z. B. a Costa Rica funktionéiert d'112. Doriwwer eraus gëtt se och a Länner am pazifesche Raum gebraucht, wéi beispillsweis an Australien, Neiséiland, an a Vanuatu.
Nieft dem Europäeschen Noutruff kënnen och nach déi national Noutruffnummere weiderhi gëllen. An Éisträich beispillsweis ass den 112 eng Weiderleedung op de Policenoutruff (133), woubäi den Noutruff fir d'Pompjeeën (122) an der Rettungsnoutruff (144) weiderhi fir déi Zwecker ze benotze sinn[3].
Länner, déi d'112-Nummer fir Noutfäll benotzen, sinn ë. a.:
Land | Bemierkung |
---|---|
Albanien | nieft 129 fir d'Police, 127 fir d'Ambulanz an 128 fir d'Pompjeeën |
Andorra | Ambulanz a Pompjeeën, nieft 118 fir déi selwecht Servicer an 110 fir d'Police |
Aserbaidjan | nieft 102 fir d'Police an 103 fir d'Ambulanz |
Australien | vum GSM gëtt op déi australesch Noutruffnummer 000 weidergeleet |
Belsch | Ambulanz a Pompjeeën; nieft 100 fir déi selwecht Servicer an 101 fir d'Police |
Bosnien an Herzegowina | nieft 122 fir d'Police, 123 fir d'Pompjeeën an 124 fir d'Ambulanz |
Brasilien | nieft 9-1-1; gëtt weidergeleet op d'190 (Militärpolice), nieft 193 fir d'Pompjeeën, 190 fir d'Militärpolice an 192 fir d'Ambulanz |
Bulgarien | nieft 150 fir d'Ambulanz, 160 fir d'Pompjeeën an 166 fir d'Police, automatesch weidergeleet op d'112 |
Chile | nieft 9-1-1; weidergeleet op d'133 - Police |
China | gëtt Informatiounen op Englesch iwwer d'Noutruffnummeren |
Costa Rica | nieft 9-1-1 |
Däitschland | nieft 110 fir d'Police |
Dänemark | mat Grönland, Färöer, nieft 114 fir d'Police (keng Noutfäll). |
Dominikanesch Republik | nieft 9-1-1 |
Egypten | nieft 122 fir d'Police, 123 fir d'Ambulanz an 180 fir d'Pompjeeën |
Éisträich | nëmme Police; nieft 122 fir d'Pompjeeën, 133 fir d'Police an 144 fir d'Ambulanz |
Estland | |
Finnland | mat Åland |
Frankräich | nieft 15 fir d'Ambulanz, 17 fir d'Police an 18 fir d'Pompjeeën |
Georgien | eenzeg Noutruffnummer 112 |
Gibraltar | nieft 190 fir d'Pompjeeën an d'Ambulanz an 199 fir d'Police |
Griicheland | nieft 100 fir d'Police, 108 fir d'Hafepolice, 166 fir d'Ambulanz an 199 fir d'Pompjeeën |
Holland | op den hollännesche Karibikinsele gëtt d'112 op d'9-1-1 weidergeleet iwwerdeems an den europäeschen Deeler d'9-1-1 op d'112 weidergeleet gëtt |
Hong Kong | vum GSM gëtt op d'Noutruffnummer 999 weidergeleet |
Indien | nieft 100 fir Police, 101 fir d'Pompjeeën, 102 fir d'Ambulanz an 108 fir den Noutfall Katastrophemanagement |
Indonesien | nëmme GSM-Reseau - just fir d'Police ; nieft 110 fir d'Police, 118 fir d'Ambulanz an 113 fir d'Pompjeeën |
Iran | nieft 110 fir d'Police, 115 fir d'Ambulanz, 112 fir Hilal Ahmar Ambulance an 125 fir d'Pompjeeën; 9-1-1 gëtt um GSM-Reseau op d'Noutruffnummer 112 weidergeleet |
Irland | nieft 999 |
Island | |
Israel | weidergeleet op d'100 vun der Police, nieft 100 fir d'Police, 101 fir d'Ambulanz an 102 fir d'Pompjeeën. |
Italien | nieft den aneren Nummeren, wou d'112 nach net installéiert ass: 113 fir d'national Police, 112 fir d'Gendarmerie (Carabinieri), 115 fir d'Pompjeeën an 118 fir d'Ambulanz |
Jordanien | nieft 9-1-1 |
Kanada | benotzt 9-1-1 |
Kasachstan | nieft 101 fir d'Pompjeeën, 102 fir d'Police an 103 fir d'Ambulanz |
Kirgisistan | nieft 101 fir d'Pompjeeën, 102 fir d'Police an 103 fir d'Ambulanz |
Kolumbien | nëmme Police; nieft 123 fir all Urgencen, 125 fir d'Ambulanz an 119 fir d'Pompjeeën |
Kosovo | nieft 192 fir d'Police, 193 fir d'Pompjeeën an 194 fir d'Ambulanz |
Kroatien | nieft 192 fir d'Police, 193 fir d'Pompjeeën, 194 fir d'Ambulanz an 195 fir d'Séirettung |
Kuwait | nieft 777 |
Lettland | nieft 110 oder 02 fir d'Police, 113 oder 03 fir d'Ambulanz an 114 oder 04 fir Noutfäll mat Gas, 01 fir d'Pompjeeën |
Lëtzebuerg | nieft 113 fir d'Police |
Libanon | nëmme fir d'Police; nieft 160 fir d'Police, 140 fir d'Ambulanz an 125 fir d'Pompjeeën |
Liechtenstein | nëmme fir d'Police; nieft 117 fir d'Police, 144 fir d'Ambulanz an 118 fir d'Pompjeeën |
Litauen | nieft 011 fir d'Pompjeeën, 022 fir d'Police an 033 fir d'Ambulanz |
Macau | nieft 999 |
Malaysia | vum GSM-Reseau gëtt op d'Noutruffnummer 999 weidergeleet |
Malta | |
Mauritius | nëmme fir d'Police; nieft 114 fir d'Ambulanz an 115 fir d'Pompjeeën |
Nordmazedonien | nieft 192 fir d'Police, 193 fir d'Pompjeeën, 194 fir d'Ambulanz |
Moldawien | eenzeg Noutruffnummer zanter dem 1. Juli 2018; ersetzt 901 fir d'Pompjeeën, 902 fir d'Police an 903 fir d'Ambulanz |
Monaco | nieft 15 fir d'Ambulanz, 17 fir d'Police an 18 fir d'Pompjeeën |
Montenegro | nieft 122 fir d'Police, 123 fir d'Pompjeeën an 124 fir d'Ambulanz |
Neiséiland | weidergeleet op d'111 |
Nepal | nëmme fir d'Police; nieft 100 fir d'Police, 101 fir d'Pompjeeën an 102 fir d'Ambulanz |
Nigeria | |
Norwegen | nëmme fir d'Police, 110 fir d'Pompjeeën an 113 fir d'Ambulanz |
Panama | nieft 9-1-1; 104 fir d'Police an 103 fir d'Pompjeeën |
Polen | nieft 999 fir d'Ambulanz, 998 fir d'Pompjeeën, an 997 fir d'Police |
Portugal | 117 fir e Bëschfeier ze mellen |
Ruanda | Police a Pompjeeën; 912 fir d'Ambulanz |
Rumänien | |
Russland | nieft 101 fir d'Pompjeeën, 102 fir d'Police, 103 fir d'Ambulanz an 104 fir Noutfäll mat Gas |
San Marino | |
Saudi-Arabien | nieft 9-1-1 |
Schwäiz | nieft 117 fir d'Police, 144 fir d'Ambulanz an 118 fir d'Pompjeeën |
Schweden | nieft 114 14 fir d'Police ouni Noutfall |
Senegal | nieft 17 fir d'Police, 18 fir d'Pompjeeën a 15 fir d'Ambulanz |
Serbien | nieft 192 fir d'Police, 193 fir d'Pompjeeën, an 194 fir d'Ambulanz |
Slowakei | nieft 155 fir d'Ambulanz, 158 fir d'Police, 150 fir d'Pompjeeën an 18300 fir d'Biergrettung |
Slowenien | nieft 113 fir d'Police |
Spuenien | nieft 091 fir d'Police, 061 fir d'Ambulanz an 080 fir d'Pompjeeën |
nëmme Police; nieft 119 fir d'Police an 110 fir d'Ambulanz an d'Pompjeeën | |
Südafrika | nieft 10111 fir d'Police |
Südkorea | nëmme Police; nieft 119 fir d'Ambulanz an d'Pompjeeën |
Syrien | nëmme Police; nieft 110 fir d'Ambulanz an 113 fir d'Pompjeeën |
Taiwan | nieft 110 fir d'Police, 119 fir d'Ambulanz an d'Pompjeeën |
Tierkei | gebraucht an 32 Provënzen, an deenen aneren 49 Provënze gëllt d'112 nëmme fir d'Ambulanz |
Timor-Leste | |
Tschechesch Republik | nieft 155 fir d'Ambulanz, 158 fir d'Police an 150 fir d'Pompjeeën |
Ukrain | nieft 101 fir d'Pompjeeën, 102 fir d'Police, 103 fir d'Ambulanz an 104 fir Noutfäll mat Gas |
Ungarn | nieft 104 fir d'Ambulanz, 105 fir d'Pompjeeën an 107 fir d'Police; 9-1-1 gëtt um GSM-Reseau op d'Noutruffnummer 112 weidergeleet |
USA | nieft 9-1-1, um GSM-, AT&T- an T-Mobile-Reseau gëtt d'112 op d'9-1-1 weidergeleet |
Usbekistan | |
Vanuatu | |
Vatikanstad | nieft 113 fir d'national Police, 115 fir d'Pompjeeën an 118 fir d'Ambulanz. |
Vereenegt Arabesch Emirater | nieft 999 fir d'Police, 998 fir d'Ambulanz an 997 fir d'Pompjeeën |
Vereenegt Kinnekräich | nieft 999 |
Wäissrussland | nëmme Pompjeeën; nieft 101 fir d'Pompjeeën, 102 fir d'Police an 103 fir d'Ambulanz |
Zypern | nieft 199 |
Ënner E112 (ergänzt 112-Nummer) versteet een - nom US-amerikanesche Virbild vun der ergänzter E911 - d'Lokalisatioun vun engem deen urifft, wann deen den Noutruff urifft. D'Lokalisatioun erliichtert et den Asazzenteren - wa se deementspriechend ekipéiert sinn - d'Lokalisatioun vun der Persoun déi urifft oder vum Gefier beim sougenannten eCall.
Obwuel d'EU-Reglement festleet, datt d'Noutruffzentralen automatesch d'Informatiounen iwwer d'Positioun vun deem deen urifft, ugewise kréie sollen, fonctionéiert dat bis elo nach net an Italien, Litauen, Holland, Polen a Rumänien. Och an Däitschland ass dat bis elo nach net Gewunnecht. Des Weideren ass d'Lokalisarioun aus technesche Grënn ufälleg fir Feeler.
Den deemolegen Inneminister Henri Cravatte huet de 17. Mee 1966 an de Raimlechkeete vun der Direktioun vun der Protection civile um Belair déi éischt Noutruffzentral zu Lëtzebuerg ageweit. D'Nouthëllef war fir d'Autoritéiten an där Zäit als wichteg a sënnvoll ugesi gi fir de Bedierfnesser vun den Awunner gerecht ze ginn. D'Protection civile hat d'Méiglechkeet geschaf, fir vu jiddwer Plaz am Land aus, iwwer d'Nummer 012 un eng eenzeg Noutruffzentral ze kommen. No enger Rei Publicitéitscampagne an der geschriwwener Press an iwwer de Radio ass d'Popularitéit vun der Noutruffnummer mat de Joren ëmmer weider an d'Luucht gaangen.
Enn September 1991 ass Direktioun vun der Protection civile zesumme mat der Noutruffzentral an en deemools neit Gebai op d'Cloche d'or geplënnert; d'Aweiung war den 11. Oktober 1991 a Presenz vum Inneminister Jean Spautz. Nodeems d'Stater Rettungsdéngschter am September 2021 aus der Kasär vun der Areler Strooss op Gaasperech an den nationale Rettungszenter geplënnert waren, ass d'Noutruffzentral och dohi geplënnert an de 16. November 2021 ageweit ginn[4][5].
Op d'Propositioun vun der Europäescher Kommissioun hin, gouf 1991 vum EU-Ministerrot beschloss d'Noutruffnummer 112 anzeféieren[6]. Zu Lëtzebuerg gouf d'112 den 1. Januar 1993[7] ageféiert an et war domat op EU-Niveau eent vun den éischte Länner, dat déi eenheetlech d'Noutruffnummer 112 benotzt huet.
Zanter 2009 gëtt et europawäit den Europäeschen Dag vum 112, deen den 11. Februar (11.2.) organiséiert gëtt, fir op dës europawäit gülteg, eenheetlech Nummer opmierksam ze maachen.
Commons: 112 (Europäeschen Noutruff) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.