Asteroid From Wikipedia, the free encyclopedia
Den (163693) Atira ass den éischtentdeckten Asteroid, deem seng Bunn vollstänneg bannent der Äerdbunn läit. Zesumme mat dem Asteroid 2004 JG6, deen eng nach méi enk Ëmlafbunn huet, an aacht weideren Asteroide bilt hien eng als Apohel-Asteroide bezeechent Ënnergrupp vun den Aten-Asteroiden.
Eegenschafte vum Orbit | |
---|---|
Orbittyp | Aten-Asteroid |
Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
Grouss Hallefachs | 0,741 A.E. |
Exzentrizitéit | 0,322 |
Sideresch Ëmlafzäit | 233,023 d |
Mëttel Bunnvitess | 33,68 km/s |
Inklinatioun | 25,618 Grad |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | ~2,0 km |
Mass | 1,0×1012 kg |
Rotatiounsperiod | 2,974 h |
Albedo | 0,140 |
Absolut Hellegkeet | 16,43M |
Entdeckung | |
Entdecker | LINEAR |
Entdeckungsdatum | 11. Februar 2003 |
Aner Bezeechnungen | 2003 CP20 |
Et ass den éischten Asteroid aus der Apohel-Grupp, deen en offiziellen Numm krut. D'Atira ass no der Pawnee-Mythologie d'Gëttin vun der Äerd a vum Owesstär (Venus).
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.