Étienne Lenoir
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Jean Joseph Étienne Lenoir gebuer den 12. Januar 1822 zu Missech, deemools Groussherzogtum Lëtzebuerg, haut belsch Provënz Lëtzebuerg, a gestuerwen de 7. August 1900 zu La Varenne-Saint-Hilaire bei Paräis, war en Erfinder (80 Patenter) a Geschäftsmann.
Étienne Lenoir | |
---|---|
Gebuer |
12. Januar 1822 Missech |
Gestuerwen |
4. August 1900 La Varenne-Saint-Hilaire |
Nationalitéit | Belsch, Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Erfinder, Techniker, Händler |
Den Étienne Lenoir huet 1860 den éischte brauchbare Gasmotor gebaut, 1863 dat éischt Gefier op der Strooss, dat domat ugedriwwe gouf, den Hippomobile[1] an 1866 e Motorboot, dat mat Gas bedriwwe gouf. Mat sengem Gasmotorwon huet hien den 9 km laangen Trajet vu Paräis op Joinville-le-Pont an ongeféier 3 Stonnen zeréckgeluecht. An der ganzer europäescher Press gouf iwwer dem Lenoir säi Gasmotorwon geschriwwen. De russeschen Zar Alexander II. war sou dovun impressionéiert, datt en him een ofkaf huet.
Den Nikolaus Otto huet sech bei der Entwécklung vum Ottomotor um Lenoir sengem Gasmotor orientéiert.
Den Étienne Lenoir gouf chevalier de la Légion d'honneur a krut d'franséisch Nationalitéit.
D'Gemeng Steesel huet an hirer Industriezon eng Gedenkplack fir de Lenoir opgeriicht an do och e Rondpoint no him benannt.[2]