Le Mont-Saint-Michel
franséisch Gemeng / From Wikipedia, the free encyclopedia
Le Mont-Saint-Michel ass eng franséisch Gemeng mat 30 Awunner (Stand 2016) am Departement Manche an der Regioun Normandie. D'Gemeng existéiert zënter dem Joer 708 op der fielseger Insel Mont Saint-Michel an der Baie du Mont-Saint-Michel am Wattemier vun der Normandie. D'Insel ass ronn ee Kilometer vun der Côte ewech an nëmmen ca. 55.000 m² grouss (Ëmfang: ca. 830 Meter). Nobäi sinn d'Mëndung vum Couesnon, d'Stad Avranches an d'Grenz mat der Bretagne. D'Landschaft heescht Avranchin.
| |||||
---|---|---|---|---|---|
De Mont Saint-Michel vu Süden | |||||
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Normandie | ||||
Departement | Manche | ||||
Arrondissement | Avranches | ||||
Kanton | Pontorson | ||||
Postcode | 50116 | ||||
Gemengecode | 50353 | ||||
Koordinaten | 48° 38’ 09’’ N 1° 30’ 38’’ W | ||||
Fläch | 55 ha | ||||
Bevëlkerung | 30 (2016) |
Ouni Konstruktioune wier d'Insel 92 Meter héich[1]. Si ass bekannt fir déi befestegt Abtei Mont-Saint-Michel, déi d'Insel dominéiert an déi e Beispill ass fir normannesch Architektur (Bauufank: 1022). Am Klouschter hu bis an d'1960er Jore Benediktiner gelieft, zanter 2001 nees Patere vun de Gemeinschafte vu Jerusalem.
De Mont-Saint-Michel ass eng wichteg Touristenattraktioun an der Géigend. Pro Joer gëtt e vu ronn 2,5 Millioune Leit besicht.
De Bierg a seng Bucht gehéieren zënter 1979 zu de UNESCO-Weltkultierwen. Ausserdeem ass en och zanter 1998 Deel vun de Weltierwen Jakobswee a Frankräich.