Chrëschtdag
ee vun de wichtegste Fester vum Chrëschtentum / From Wikipedia, the free encyclopedia
Chrëschtdag feieren d'Chrëschten d'Gebuert vum Jesus vun Nazaret, an dem si de Jong Gottes gesinn. Et ass no Ouschteren dat wichtegst Fest vum Chrëschtentum.
Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Et läit haut an deene meeschte westleche Staaten all Joer um 25. Dezember, mä d'Chrëschtfeiere selwer fänke schonn den Dag virdrun op Hellegowend un. An den orthodoxe Kierchen, déi liturgesch um julianesche Kalenner festhalen, fält Chrëschtdag op de 7. Januar (wat de 25. Dezember am julianesche Kalenner ass).
Fest Bestanddeeler vu Chrëschtdag sinn zanter dem 13. respektiv 16. Joerhonnert eng Krëppchen an e Chrëschtbeemchen. Op Hellegowend bréngt d'Chrëschtkëndchen de Kanner Kaddoen. Doduerch huet sech d'chrëschtlecht Fest hautdesdaags dacks zu engem éischter weltleche Konsumfest entwéckelt, wat virun allem de Commerce freet.