Éischt Liicht
From Wikipedia, the free encyclopedia
Als éischt Liicht (engl. first light) gëtt an der Astronomie den Ament bezeechent, an deem d'Liicht vun engem Himmelskierper fir d'éischt Kéier op de Spigel oder op d'Lëns vun engem neien Teleskop fält. Dat gëllt net nëmme fir d'Teleskop selwer, mä och fir déi doru fixéiert Instrumenter, déi hiert eegent „first light“ hunn.
Bei engem Laser gëtt den Ausdrock fir dat éischt ausgeléist Liicht gebraucht, nach ier de Laser mat senger maximaler Leeschtung bedriwwe gëtt.
De Begrëff gëtt heefeg an der englescher Versioun first light gebraucht.