From Wikipedia, the free encyclopedia
Zéiwe sinn, an der Anatomie vun den Déieren, en Deel vum Fouss, déi vum Fouss ofstinn a sech onofhängeg beweege loossen.
D'Zéiwe si meeschtens op der viischter Säit vum Fouss, mä et gëtt och Déieren, bei deenen d'Zéiwe säitlech oder um hënneschten Deel dovu sinn. Sou sëtzt z. B. beim Hond oder bei ville Vullenaarten d'Zéif hannen um Fouss, beim Bier z. B. sëtze se säitlech dovun.
Beim Mënsch spillen d'Zéiwen eng wichteg Roll beim Goen, speziell awer beim Lafen. Si hëllefen, d'Gläichgewiicht ze halen. Bei Déiere kommen aner Funktiounen dobäi:
De Mënsch huet fënnef Zéiwen un all Fouss. Déi bannenzeg Zéif gëtt "déck Zéif" (hallux) genannt, déi baussenzeg "kleng Zéif" (digitus minimus). Déi aner dräi hu kee speziellen Numm. Se gi vu bannen no baussen an "zweet", "drëtt" (och: "mëttelst") a "véiert Zéif" duerchnummeréiert (I, II, III, IV a V). De Mënsch huet 14 Zéiweschanken an all Fouss; déi déck Zéif huet der zwou, déi aner Zéiwen hunn der dräi.
Op all Zéif ass en Zéiwennol (unguis).
Commons: Zéiwen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.