Ypsilon

Buschtaf From Wikipedia, the free encyclopedia

Ypsilon
Remove ads

Den Ypsilon (griichescht Neutrum; Majuskel Υ, Minuskel υ) ass den 20. Buschtaf vum griicheschen Alphabet an huet nom milesesche Prinzip en numeresche Wäert vu 400. Am 1. Joerhonnert v. Chr. gouf de Buschtaf och als 25. Buschtaf an d'laténgescht Alphabet iwwerholl.

Thumb
De griichesche Buschtaf „Ypsilon“

Am griichesche gëtt de Buschtafe wéi en „I“ ausgeschwat.

Urspronk

Den Ypsilon ass den éischte Buschtaf, deen d'Griiche bei hiert Alphabet derbäigesat haten. Si haten dofir eng Variant vum phenizesche Waw geholl, nodeem déi aner Variant schonn fir d'Digamma gebraucht gouf. Am Fréigriichesche war de Lautwäert vum Ypsilon de Vokal [u].

Gebrauch vum Ypsilon

De groussen Ypsilon bezeechent an der Physik den Υ-Meson. Als Symbol gëtt heibäi ëmmer en Υ mat „Widderharen“ gebraucht, fir datt e sech vum laténgesche Buschtaf Y ënnerscheet.

Um Spaweck

 Commons: Ypsilon – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads