Witold Lutosławski
polnesche Komponist From Wikipedia, the free encyclopedia
polnesche Komponist From Wikipedia, the free encyclopedia
De Witold Roman Lutosławski ([ˈvitɔld lutɔsˈwafski]), gebuer de 25. Januar 1913 zu Warschau an och do de 7. Februar 1994 gestuerwen, war e polnesche Komponist an Dirigent.
Witold Lutosławski | |
---|---|
Gebuer |
25. Januar 1913 Warschau |
Gestuerwen |
7. Februar 1994 Warschau |
Nationalitéit | Polen |
Aktivitéit | Komponist, Dirigent, Musikolog, Pianist |
Member vun | Akademie der Künste der DDR, Akademie der Künste Berlin, Bayerische Akademie der Schönen Künste, Serbesch Wëssenschafts- a Konschtakademie |
Nieft Musektheorie a Kompositioun huet hien och Mathematik an Naturwëssenschafte studéiert. An der Mathematik huet hie vill Gemeinsamkeete mat der Musek fonnt.
Zu senge bekanntste Kompositiounen zielen d'Sinfonesch Variatiounen (1938). Am Zweete Weltkrich huet hie sech zu Paräis als Pianist iwwer Waasser gehalen, an an de Joren dono a Polen als Komponist vu Gebrauchsmusek, Kannerlidder a Komponist fir Radio, Theater a Film.
Vun 1954 huet goufe seng Kompositiounen a Pole vu staatlecher Säit nees akzeptéiert an de Lutosławski hue ë. a. mat seriellen an aleatoreschen Techniken experimentéiert. An den 1960er gouf hien Dirigent, an 1967, wéi e fir eng Zäit an Amerika war, och Musekspedagog. Hien huet do Komponiste wéi den Edgar Varèse, de Milton Babbitt oder de Lejaren Hiller kennegeléiert.
An den 1970er- a 1980er Joren huet de Lutosławski haaptsächlech just nach seng eege Kpmpositiounen dirigéiert.
Commons: Witold Lutosławski – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.