Wilhelmus

lëtzebuergesch Hymn From Wikipedia, the free encyclopedia

Wilhelmus
Remove ads

De Wilhelmus ass d'Hymn vun de Groussherzoge vu Lëtzebuerg a gëtt gespillt, wa bei enger Zeremonie e Member vum groussherzoglechen Haus ukënnt oder fortgeet.

Dësen Artikel beschäftegt sech mat der lëtzebuergescher Hymn Wilhelmus. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Wilhelmus (Homonymie).
Thumb
Wilhelmus-Partitur vum Nik Welter (1920)

Geschicht

Déi eelst schrëftlech Spuere vum Wilhelmus ginn op en Dokument mat Titel „Een Liedeken op de wijse van Condé“ aus dem 1574 zeréck, dat eréischt 1921 vum hollännesche Musikolog Fr. Kossmann erëmentdeckt a mam Wilhelmus a Verbindung bruecht gouf[1]. De Wilhelmus ass ursprénglech – jee no de Quellen – vun engem franséischen Zaldotelidd, enger Juegdhar- oder Trompette-Sonnerie oder enger Kavalleries-Fanfare inspiréiert ginn.[2][3][4]

De Wilhelmus an déi hollännesch Nationalhymn Het Wilhelmus hunn e gemeinsamen Ursprong. Den Text vu béiden Hymne war bis 1915 identesch, well e sech op de Kinnek vun Holland bezunn huet, dee bis 1890 a Personalunioun och Groussherzog vu Lëtzebuerg war.

D'Melodie vum Lëtzebuerger Wilhelmus staamt vun der Melodie of, déi am Oude Geuzenlied dokumentéiert ass a 1581 gedréckt gouf.[3]

Bei enger Visitt vum Wëllem III. a senger zweeter Fra, der Emma vu Waldeck-Pyrmont am Joer 1883 zu Lëtzebuerg, ass dem Fielsser Philippe Manternach säi Marsch Vive le Roi! Vive la Reine! gespillt ginn, en Arrangement vun eisem Wilhelmus. Am Mee 1874 hat d'Philharmonie de Larochette ënner der Leedung vu Manternach eng grouss Feier fir dem Wëllem III. seng 25-järeg Herrschaft organiséiert. Et ass unzehuelen, datt de Manternach de Marsch fir dat Evenement geschriwwen hat.[5]

1890 ass de Grand-Duc Adolphe, den éischte Grand-Duc deen net méi a Personalunioun mam hollännesche Kinnek war, op den Troun koum a fir dat Evenement ass de Wilhelmus fir d'éischt an der haiteger Form gespillt ginn. Vun deem Ament u schéngt de Lëtzebuerger Wilhelmus och säin eegene Wee gaangen ze sinn, getrennt vun der hollännescher Versioun.[4]

Schonn ier de Wilhelmus 1890 fir d'éischt offiziell als Begréissungshymn gespillt gouf, war dem Antoine Zinnen seng „Ons Hemecht“ schonn de 5. Juni 1864 uropgefouert ginn a spontan vum Vollek als d'Lëtzebuerger Nationalhymn ugesi ginn. Dat erkläert dann och firwat de Wilhelmus – anescht wéi an Holland – net d'Lëtzebuerger Nationalhymn ass, mä als Hymn vun der Dynastie bäibehale gouf.[4]

Remove ads

De lëtzebuergeschen Text

Den éischte lëtzebuergeschen Text gouf 1915 vum Willy Goergen geschriwwen, fir un de Wiener Kongress vun 1815 z'erënneren.[6]

1919, bei Geleeënheet vum Bestietnes vun der Groussherzogin Charlotte mam Prënz Félix, huet den Nik Welter den Text als Hymn fir d'Haus Lëtzebuerg-Nassau-Bourbon ëmgeschriwwen an huet dobäi dem Goergen seng éischt Stroph ewechgelooss.

Dem Welter seng Versioun ass fir d'éischt am Te Deum an der Kathedral, op Nationalfeierdag, den 23. Januar 1920 gesonge ginn.[1][7]

Méi Informatiounen Willy Goergen(1915), Nik Welter – 2. Versioun (1920) ...
Remove ads

Den hollänneschen Originaltext

Bis 1915 war den Originaltext vum Wilhelmus identesch mat der hollännescher Nationalhymn, déi als Akrostichon geschriwwen ass, d. h. e Gedicht bei deem déi éischt Buschtawe vun all de Versen en neit Wuert oder en Numm erginn; an dësem Fall ass et „Willem van Nazzov“ ((lb) Wëllem vun Nassau). Den ursprénglechen Text ass a Mëttelhollännesch geschriwwen, eng Versioun déi warscheinlech eng Transkriptioun vun engem verluerene Fréineihoudäitschen Originaltext ass.

Wikisource: Het Wilhelmus – Quellentexter

Literatur

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Wilhelmus – Biller, Videoen oder Audiodateien
Remove ads

Referenzen an Notten

  1. cf. Damien Sagrillo, De Wilhelmus
  2. (fr)Service information et presse du gouvernement, Tout savoir sur le Grand-Duché de Luxembourg, pp. 12-13. sip.gouvernement.lu (03.2015). Gekuckt de(n) 08.11.2024.
  3. (lb)Cour grand-ducale, De Protokoll vun der Cour grand-ducale. monarchie.lu. Gekuckt de(n) 08.11.2024.
  4. Ulveling, Paul; Rinnen, Henri Rinnen; Van en Biggelaar-Ventujol, “De Wilhelmus”: séng Quellen a séng Entwécklongsgeschicht am Laf vun de Jorhonnerten. 6. RTL-Édition. Print. (1984). Gekuckt de(n) 12.11.2024.
  5. (de)MANTERNACH, Philippe. Melusina Press. Gekuckt de(n) 08.11.2024.
  6. (de)Die Symbole der Dynastie. luxembourg.public.lu (23.08.2024). Gekuckt de(n) 08.11.2024.
  7. (de)Nikolaus Weiter, der Dichter der Heimat II – DER DICHTER UND DAS SYMBOL DER HEIMAT.. Luxemburger Wort, 105. Jg., n° 128, p. 13. (07.05.1952). Gekuckt de(n) 08.11.2024.
  8. (lb)De Wilhelmus.. Jong-Hémecht, 10. Jg., nº Heft 4, p. 104. (01.03.1936). Gekuckt de(n) 08.11.2024.
  9. Welter, Nikolaus. De Wilhelmus  : e neit Lidd op eng al Weis. (Partituer) Letzeburg: Dr. Linden & Hansen, 1920. Print. (Versioun mat 5 Strophen)
  10. (fr)Service Information et Presse, La famille grand-ducale 108. sip.gouvernement.lu (07.2001). Gekuckt de(n) 12.11.2024.
  11. (lb)Wilhelmus (PDF). Lidderbuch – Extended Versioun 113-114. ACEL Archivéiert de(n) 07.08.2024. Gekuckt de(n) 08.11.2024.
  12. D'Stroph „Nun as verbei de Stûrm,…“ ass an de Welter-Versioun als Éischt Stroph an an där vun der ACEL als Zweet Stroph dran; an anere Versiounen ass se net (méi) ze fannen
  13. Bemierkungen zur Wilhelmus-Versioun aus dem ACEL-Lidderbuch:
    a) dem Welter seng 1. Stroph „Nun ass verbäi de Stuerm, …“ steet hei als zweet Stroph, hannert „Zwee Kinékskanner“;
    b) déi 3. Stroph vum Welter „D'Wilhelmusweis voll Mutt, …“ feelt.
  14. am ACEL-Lidderbuch ass déi 4. Zeil („hunn och stëll…“) ersat mat: „hu gebaangt, op d'Gléck nach bléie géif.“
  15. am ACEL-Lidderbuch ass déi lescht Zeil („Gro'ß a Kleng am Letzeburger Land“) ersat mat: „d'Vollék vun dem Lëtzebuerger Land.“
  16. am ACEL-Lidderbuch ass déi lescht Zeil („d'Kanner vun dem Lëtzebuerger Land.“) ersat mat: „d'Vollék vun dem Lëtzebuerger Land.“
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads