From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Virgeschicht oder Urgeschicht ass de längsten Deel (méi wéi 99%) vun der Mënschheetsgeschicht. Eigentlech ass de Begrëff Virgeschicht absurd well et keng Geschicht virun der Geschicht gëtt. Trotzdeem ass en duerch d'Fuerschung kloer definéiert. Traditionell fänkt d'Virgeschicht mam éischte Geschier aus Steen virun ongeféier 2,5 Millioune Joren un, an hält beim Opdauche vun den éischte Schrëften op, dem Ufank vun der Protogeschicht. Et ass dann och verständlech datt dës Datatioun weltwäit verschidden ass.
Vum Ufank vun der Mënschheet bis zur Aféierung vun der Metallurgie (a Mëtteleuropa viru ronn 4.000 Joer) nenne mir d'Steenzäit. A Mëtteleuropa ginn als éischt Koffer, da Bronze a schliisslech Eise verschafft. An anere Regioune feelen d'Koffer- an/oder Bronzezäit.
Commons: Virgeschicht – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.