Vertigo (Film 1958)
Film vum Alfred Hitchcock (1958) From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Vertigo ass en US-amerikanesche Film vum Regisseur Alfred Hitchcock aus dem Joer 1958, nom Roman D'entre les morts vum Pierre Boileau an Thomas Narcejac.
Remove ads
Remove ads
Ëm wat geet et am Film?
De pensionéierte Polizist Scottie Ferguson verléift sech an eng jonk Fra, déi sech wëll d'Liewen huelen. Duerch seng Héichtenangscht kann hien hiren Doud awer net verhënneren. Spéider begéint hien enger Fra déi där Doudeger op en Hoer gläicht…
Cameo-Optrëtt vum Hitchcock
Den Hitchcock geet laanscht d'Paart vun engem Schëffsschantjen.
De Vertigo-Effekt
An dësem Film kënnt eng éischt Kéier de sougenannte Vertigo-Effekt zum Asaz. Dee besteet doran, datt d'Kamera op en Objet duerfiert, iwwerdeems gläichzäiteg hannerzeg, vun No op Wäitwénkel, gezoomt gëtt, ouni datt de Bildausschnëtt sech ännert. Doduerch entsteet de visuellen Effet, wéi wann den Hannergrond sech géif no hanne beweegen, iwwerdeems am viischte Beräich vum Bild d'Positioun vun Objeten oder Persounen d'selwecht bleift. Sou erreecht een eng optesch Illusioun vum Dronke-Sinn. Dësen Effekt gouf spéiderhi an enger Abberzuel vu Filmer imitéiert.
Um Spaweck
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads