From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Vaira Vīķe-Freiberga, gebuer den 1. Dezember 1937 zu Riga, war vun 1999 bis 2007 Presidentin vun der Republik Lettland.
Vaira Vīķe-Freiberga | |
---|---|
Gebuer |
1. Dezember 1937 Rīga |
Nationalitéit | Lettland |
Educatioun |
Victoria University, McGill University, Universitéit vun Toronto |
Aktivitéit | Politiker, Psycholog, Universitéitsprofesser |
Partei | keng |
1944 ass d'Vaira Vīķe-Freiberga mat hiren Elteren ë. a. an Däitschland, Marokko a Kanada geflücht. Do huet si op der Universitéit vun Toronto an op der McGill-Universitéit studéiert a gouf 1965 a Psychologie promovéiert.
Vun 1965 bis 1998 huet si als Professesch fir Psychologie op der Universitéit vu Montréal enseignéiert.
1998 goung si hannescht a Lettland a gouf Direktesch vum Letteschen Institut, dat Lettland am Ausland méi bekannt sollt maachen. Dat Joer drop gouf si als Nofollgerin vum Guntis Ulmanis zur Presidentin dvun er Republik Lettland gewielt. 2003 gouf si vum Parlament fir en zweet Mandat, bis 2007, gewielt. Den 8. Juli 2007 gouf si vun hirem Nofollger Valdis Zatlers ofgeléist.
D'Vaira Vīķe-Freiberga ass mam Informatiksprofesser Imants Freibergs bestuet a Mamm vun zwee Kanner.
Commons: Vaira Vīķe-Freiberga – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.