United States Intelligence Community

From Wikipedia, the free encyclopedia

United States Intelligence Community
Remove ads
Remove ads

D'United States Intelligence Community, ofgekierzt IC, ass de kollektive Begrëff fir 16 eenzel Noriichtendéngschter vun de Vereenegte Staaten.

Thumb
Wope vun der IC

Den deemolege President Ronald Reagan huet dës Intelligence Community de 4. Dezember 1981 duerch d'Executive Order 12333 geschaf, well an den USA déi eenzel Geheimdéngschtorganisatiounen immens zerspläitert sinn (2010 hunn 1271 Regierungsorganisatiounen an 1931 Privatfirme mat am Ganzen 854.000 Leit an deem Secteur geschafft). Hien huet hir Koordinatioun enger eegestänneger Administratioun ënnerstallt huet, der Office of the Director of National Intelligence, déi zanter 2010 selwer och zur IC derbäigezielt gëtt. Si gëtt zanter 2004 duerch den Director of National Intelligence geleet. Sëtz vum Koordinatiounsdéngscht ass Washington D.C..

Déi 16 Noriichtendéngschter schaffe souwuel selbststänneg wéi och zesumme bei Opklärungsaktivitéite am Kader vun den internationale Bezéiungen an dem Schutz vun der Staatssécherheet vun den USA. Si sammelen a beschafe sech am In- an Ausland Informatiounen, contribuéieren zu militäresche Planungen, a bedreiwe Spionage.

Remove ads

IC Memberen

  • Central Intelligence Agency (CIA), den zivillen Auslandsgeheimdéngscht vun den USA
  • dem US-Verdeedegungsministère ënnergeuerdnet Organisatiounen:
    • Defense Intelligence Agency (DIA), als Daachorganisatioun vun den Noriichtendéngschter vun den Deelsträitkräften:
      • Air Force mat der Air Force Intelligence, Surveillance and Reconnaissance Agency (ISR)
      • Army mat dem United States Army Intelligence Corps (G2)
      • Marine Corps mat der Marine Corps Intelligence Activity (MCIA)
      • Navy mat dem Office of Naval Intelligence (ONI)
    • National Geospatial-Intelligence Agency (NGA), déi duerch geospezifesch Färopklärung Kaarten- a Bildmaterial liwwert
    • National Reconnaissance Office (NRO), déi d'Spionagesatelliteprogramm bedreift
    • National Security Agency (NSA), déi di weltwäit elektronesch Kommunikatioun iwwerwaacht an entschlësselt
  • Energieministère: Office of Intelligence and Counterintelligence
  • Ausseministère: Bureau of Intelligence and Research (INR)
  • Finanzministère: Office of Intelligence and Analysis (OIA)
  • dem Inneministère ënnergeuerdnet:
    • Coast Guard mat der United States Coast Guard Intelligence (CGI)
    • Office of Intelligence and Analysis (I&A)
  • dem Justizministère ënnergeuerdnet:
    • Federal Bureau of Investigation (FBI), mat ë. a. als Aufgaben d'Spionageofwier ("National Security Division") an d'Terrorofwier ("Counterterrorism Division") gehéieren
    • Drug Enforcement Administration (DEA)
Remove ads

Um Spaweck

Commons: United States Intelligence Community – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads