Umaru Yar'Adua
nigerianesche Politiker From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Umaru Musa Yar’Adua, gebuer de 16. August 1951 zu Katsina, a gestuerwen de 5. Mee 2010 zu Abuja, war en nigerianesche Politiker a vum 29. Mee 2007 bis zu sengem Doud Staatspresident vun Nigeria.
Virdru war hien, vum 29. Mee 1999 un, de Gouverneur vun der Regioun Katsina an Nord-Nigeria. No de kontroverséierte Wale vum Abrëll 2007 gouf hien als Nofollger vum Olusegun Obasanjo zum Staatspresident vereedegt. Hie war Member vun der Regierungspartei Demokratesch Vollekspartei vun Nigeria.
Hien ass no laanger Krankheet gestuerwen.
Um Spaweck
Commons: Umaru Yar'Adua – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.