Tyrannosaurus rex

From Wikipedia, the free encyclopedia

Tyrannosaurus rex

Den Tyrannosaurus rex ass eng Dinosaurieraart aus der Uerdnung vun den Echsebeckesaurier (Saurischia).

Méi Informatiounen Systematik, Wëssenschaftlechen Numm ...
Tyrannosaurus rex
E Fossil Skelett aus dem National Museum of Natural History, Washington D.C.

E Fossil Skelett aus dem
National Museum of Natural History,
Washington D.C.
E Fossil Skelett aus dem
National Museum of Natural History,
Washington D.C.
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Reptiller
Iwweruerdnung: Dinosaurier
Uerdnung: Echsebeckesaurier
Ënneruerdnung: Theropoda
Famill: Tyrannosauridae
Gattung: Raubsaurier
Aart: Tyrannosaurus rex
Wëssenschaftlechen Numm
Tyrannosaurus rex
Osborn 1905
Zoumaachen

Den T. rex, wéi en ëmgangssproochlech och nach genannt gëtt, war eent vun de gréisste Landraubdéieren iwwerhaapt, an huet am Zäitalter vun der Ieweschter Kräidepoch, méi genee am Maastrichtium, virun 68 bis 65 Millioune Joer, gelieft.

En hat e Gewiicht vu 6 bis 8 Tonnen a war 6 m héich an 13 m laang. En ass op den hënneschte Bee gelaf, hat just zwéi ganz kleng Äerm mat nëmmen zwéi Fangeren an e ganz beweeglechen Hals. Op der Juegd war en zimmlech lues.

Fondplaze vu Fossilie sinn Alberta, Saskatchewan (Kanada); Montana, Texas, Wyoming (USA) an d'Mongolei.

Um Spaweck

Commons: Tyrannosaurus – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.