Remove ads
US-amerikaneschen Astronom From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Truman Henry Safford, gebuer de 6. Januar 1836 zu Royalton, a gestuerwen den 13. Juni 1901 zu Newark, war en US-amerikaneschen Astronom.
Den Truman Henry Safford war e mathematescht Wonnerkand. Mat néng Joer hat e Paschtouer hie gefrot fir d'Zuel 365'365'365'365'365'365 mat sech selwer ze multiplizéieren. A manner wéi eng Minutt hat hien déi korrekt Äntwert: 133'491'850'208'566'925'016'658'299'941'583'225. Ongeféier an deem Alter hat hien eng nei Method fir d'Moundopgäng ze berechnen, entwéckelt. Mat senger Method gouf nëmmen nach e Véirel vun der Zäit gebraucht.
Den Truman huet nodeems en am College war Astronomie studéiert. Ufanks huet hien um Harvard-College-Observatoire geschafft, dann um Dearborn Observatoire, bis hie schliisslech zweeten Direkter um Hopkins Observatoire vum Williams College gouf, dem eelsten Observatoire an den USA deen haut nach a Betrib ass. Hie war um Observatoire Direkter bis zu sengem Doud.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.