En Transit oderDuerchgank an och Passage genannt, ass eng astronomesch Konstellatioun:
Allgemeng d'Zesummentreffen vun zwéi Himmelskierper, z.B. d'Perihelzäit – den Zäitpunkt tëscht zwéi Perihel-Passagen, oder den Duerchgank vum Äerdmound duerch d'Meridianebene.
Speziell als Transit bezeechent ginn follgend Duerchgänk:
De Meridianduerchgank: Een Objet kräizt de Meridian (d'Südrichtung vum Observatiounspunkt. Bei konstanter Deklinatioun erreecht et dann déi gréisst Héicht iwwer dem Horizont, am annere Fall net. Kuckt dozou den Artikel: Kulminatioun.
Den Transit vun zwéin Himmelskierper oder déi deelweis Bedeckung, déi an desem Artikel speziell behandelt gëtt.
Ee klengen Himmelskierper zitt virun engem méi grousse laanscht a bedeckt en dobäi deelweis.
„Kleng“ a „méi grouss“ bezéie sech dobäi op déi visuell Gréisst. Bei enger totaler Bedeckung, schwätzt ee vun enger Okkultatioun.
Den Transit ass e spezielle Fall vun der Konjunktioun.
Ee Mound vun engem Planéit zitt virun dësem Planéit laanscht
En Asteroid oder Koméit zitt virun der Sonn laanscht (kuckt:Asteroidenduerchgank)
E kënschtleche Satellit (z.B. d'ISS) zitt virun der Sonn oder dem Mound laanscht
En Duebelstären-Duerchgank an den Duerchgank vun engem Exoplanéit viru sengem Zentralstär
Umierkung: Eng Sonnendäischtert gëtt net als Transit, mä als spezielle Fall vun der Okkultatioun bezeechent.
Den Zäitpunkt an d'Dauer vun engem Duerchgank sinn ofhängeg vun der Observatiounspositioun.
Och kënschtlech Äerdsatelliten kënnen an d'Siichtlinn tëscht engem Observateur op der Äerd an der Sonn oder dem Mound geroden. Allerdéngs si sou Situatioune schwéier z'observéieren, well d'Siichtsträif nëmmen e puer Kilometer breet ass. Zudeem wandert de Satellit meeschtens nëmmen 0,5–2 Sekonne virun der Sonn laanscht.
Marco Peuschel: Konjunktionen, Bedeckungen und Transits – Das kleine Almanach der Planeten. 1. Auflage. Engelsdorfer Verlag, Leipzig 2006, ISBN 3-939144-66-5 (kuck och um Spaweck)